Charles Bernhoeft

Vu Wikipedia

De Charles (Carl Michael) Bernhoeft (22. Juli 1859 an der Stad Lëtzebuerg - 7. Februar 1933 zu Beggen) war e lëtzebuergesche Fotograf. Als Photographe de la Cour war hien an den 3 Joerzéngten ëm 1900 ee vun deene gefroteste Portraitisten zu Lëtzebuerg.

Nieft Portraiten huet hien och Landschaftsfotografië gemaach, wouvunnen der eng etlech op Postkaarten an an Albume kommerzialiséiert goufen. E weidere "Créneau" waren Opdraagsaarbechte fir Entreprisen, z.B. d' Etablissements Eugène Mercier & Cie (e Schampesfabrikant) oder d'Granitscarrièrë vun Écaussinnes, an der Provënz Hainaut.

De Charles Bernhoeft huet och, zesumme mam Jean-Nicolas Moes, déi éischt Lëtzebuerger illustréiert Wochenzeitung erausginn, Das Luxemburger Land in Wort und Bild (1895); dës Revue ass awer no 9 Méint nees agestallt ginn.

Hien huet och en Apparat erfonnt a patentéiere gelooss, fir mat enger indirekter Beliichtung bannenan Opname mat engem Magnesiumsblëtz ze maachen, woubäi den Damp duerch eng Zort Hott no uewen evakuéiert gouf. Eng ettlech Fotografen an Europa haten him dësen Apparat, dee Präisser op Weltaustellunge krut, ofkaaft.

1910 huet de Charles Bernhoeft sech aus dem Geschäftsliewen zeréckgezunn. Hien ass 1933 zu Beggen gestuerwen.

Auswiel vun Albumen

  • Luxembourg et ses environs (1887)
  • Le Grand-Duché de Luxembourg (1889-91)
  • Album von Trier. Ansichten der Stadt und ihrer nächsten Umgebung (ëm 1890)
  • Strassburg, Metz und die Vogesen (1891 an 1894)
  • Le Luxembourg pittoresque (1893)
  • Exposition universelle d'Anvers 1894 (1894)
  • Cöln und der Rhein (1895-96)
  • Bilder aus der Pfalz (1895)
  • Nederland in Beeld (1895-99)
  • Eifel-Album (1896)
  • Carrières de Petit Granit de M.M. J. Velge et J. Cornet à Écaussinnes (1896)
  • Établissements Eugène Mercier & Cie. (ëm 1900)
  • Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-Aktiengesellschaft, Abtheilung Differdingen (1903-1904)
  • Grand Pont Adolphe à Luxembourg (1904)

Literatur

  • Edmond Thill: "Charles Bernhoeft, photographe de la Belle Époque. Exposition au Musée national d'histoire et d'art du 24 mars au 7 mai 2006." In: Musée Info. Bulletin d'information du Musée national d'histoire et d'art n° 18, décembre 2005, pp. 6-11.