Charlie Chaplin

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Charles Chaplin)
Charlie Chaplin
Den Charlie Chaplin, 1965, fotograféiert vum Erling Mandelmann
Gebuertsnumm Charles Spencer Chaplin
Gebuer 16. Abrëll 1889
Gestuerwen 25. Dezember 1977
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Filmregisseur, Komponist, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Komiker, Filmediteur, Autobiograph, Theaterschauspiller, Filmkomponist, Schauspiller
Member vun Akademie der Künste Berlin, Akademie der Künste der DDR
Famill
Bestuet mat Mildred Harris, Lita Grey, Paulette Goddard, Oona O'Neill
Papp Charles Chaplin
Mamm Hannah Chaplin
Geschwëster Wheeler Dryden, Sydney Chaplin
Kanner Charles Chaplin, Geraldine Chaplin, Michael Chaplin, Josephine Chaplin, Victoria Chaplin, Eugene Chaplin, Christopher Chaplin, Sydney Chaplin
Statu vum Chaplin a senger Paraderoll

Den Charlie Chaplin, KBE, eigentlech Charles Spencer Chaplin, gebuer de 16. Abrëll 1889 zu London a gestuerwen de 25. Dezember 1977 zu Vevey um Genferséi, war en englesche Filmschauspiller, Komponist a Regisseur.

Den Charlie Chaplin ass aus ganz aarme Verhältnesser komm an huet sech d'éischt als Geleeënheetsaarbechter a mat klenge Bünerollen duerchgeschloen. Duerno gouf hie Clown a Schauspiller bei enger Wandergrupp. Op enger Amerikatournee huet hien en Engagement als Filmkomiker zu Hollywood ugeholl.

Hien huet schonn a sengem éischte Joer (1914) 35 Filmer gedréint.

The Tramp (1915) a The Immigrant (1917) waren dem Charlie Chaplin seng éischt Meeschterwierker.

1919 huet hien zesumme mat der Mary Pickford an dem Douglas Fairbank d'United Artists gegrënnt, fir déi den Chaplin no 1923 ausschliisslech gespillt huet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur (Laangspillfilmer)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charlie Chaplin – Biller, Videoen oder Audiodateien