Charles Cochon de Lapparent

Vu Wikipedia
Charles Cochon de Lapparent
Gebuer 24. Januar 1750
Champdeniers-Saint-Denis
Gestuerwen 17. Juli 1825
Poitiers
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Héije Fonctionnaire
Partei Société des amis de la Constitution


De Charles Cochon de Lapparent, gebuer de 4. Januar 1750 zu Champdeniers, am Departement Deux-Sèvres, a gestuerwen zu Poitiers, de 17. Juli 1825 war e franséische Politiker a Minister.

Am Ufank vu senger politescher Karriär war hien Deputéierte vun Drëtte Stand, duerno hat hie wichteg Funktiounen am Nationalkonvent, bei de republikaneschen Arméien, an am Comité de salut public.

Den 9. Thermidor vum Joer II huet hie gehollef de Robespierre stierzen. An der Zäit vum Directoire war hie Polizeiminister an obschonn hie conventionelle Regicide war, gouf him virgeworf, hie wier Royalist, a hie gouf deportéiert. An der Zäit vum Consulat a vum Empire hat hien erëm héich Funktiounen, mä no 1815 huet hie Frankräich musse verloossen. No engem Joer Exil zu Léiwen konnt hien op Poitiers zeréckkommen.