Charles Dickens

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Charles Dickens

Den Charles Dickens, gebuer de 7. Februar 1812 zu Landsporth bei Portsmouth a gestuerwen den 9. Juni 1870 zu Gadshill Place/Rochester, war en englesche Schrëftsteller.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Op Grond vun de finanzielle Schwieegkeete vu sengem Papp huet den Charles Dickens seng Schoulausbildung missen ofbriechen a missen als Hëllefsarbechter schaffe goën.

Den Dickens gouf schliisslech Assistent bei engem Affekot, Geriichtsreporter a Parlamentsstenograf. Als Journalist vum Morning Chronicle huet den Dickens brillant Reportagen an 1836 seng Sketches by Boz (woubäi Boz dem Dickens säi Pseudonym war) geschriwwen.

An de Joren 1836/37 gouf den Dickens mat senge Pickwick Papers bekannt.

Wëll hien dacks Fortsetzungsromane fir verschidden Zeitunge geschriwwen huet, huet hien desöfteren u méi Romane gläichzéiteg geschriwwen.

Sou sinn ënner aneren 1838 säi weltberühmte Roman Oliver Twist an 1850 den deelweis autoibigraphische Roman David Copperfield entstanen.

Duerno gouf den Charles Dickens Editeur vun der bekannter radikal-liberaler Zeitung Daily News.

1868 huet hie sech de Landsëtz Gadshill Place kaaft an huet dësen zu engem Treffpunkt vun den englesche Kënschtler gemaach.

Commons: Charles Dickens – Biller, Videoen oder Audiodateien