Charles Eugène Delaunay
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Charles-Eugène Delaunay, gebuer den 9. Abrëll 1816 zu Lusigny-sur-Barse bei Troyes, a gestuerwen de 5. August 1872 bei Cherbourg, war e franséische Mathematiker an Astronom.
Säi Liewen [änneren]
Den Delaunay huet beim Jean-Baptiste Biot op der Sorbonne zu Paräis studéiert. A sengen Aarbechte hu sech mat der Himmelsmechanik an dem Dräikierperproblem beschäftegt.
Am Joer 1870 krut de Charles-Eugène Delaunay d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society zu London. Am selwechte Joer gouf hien Direkter vum Paräisser Observatoire.
De Charles-Eugène Delaunay ass de 5. August 1872 bei engem Schëffsongléck am Hafe vu Cherbourg erdronk.
Hien ass mat sengem Numm op dem Eiffeltuerm veréiwegt, kuckt och: 72 Nimm um Eiffeltuerm.
Publikatiounen [änneren]
- Cours élémentaire de mécanique. (1850)
- Traité de mécanique rationnelle. (1856)
- La Théorie du mouvement de la lune. 2 Bde. (1860-7)
