Charles Gounod

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
De Charles Gounod

De Charles Gounod gebuer zu Paräis de 17. Juni 1818 a gestuerwen zu Saint-Cloud den 18. Oktober 1893, war e franséische Komponist.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Charles-François Gounod war de Jong vun engem talentéierte Moler, dem François-Louis Gounod an enger distinguéierter Mamm, déi säin éischte Pianosprofesser war. Nodeem hie säi Kolléisch am Lycée Saint-Louis fäerdeg hat, huet hie beim Antoine Reicha an dunn um Conservatoire de Paris, beim Jacques Fromental Halévy Harmonie a beim Jean-François Lesueur Kompositioun studéiert. 1839 huet hien de Grand Prix de Rome fir seng Kantat Fernand kritt. Hien huet vu sengem Openhalt an der Villa Médicis profitéiert fir besonnesch seng Kenntnesser iwwer déi reliéis Musek ze verdéiwen, ënner anerem iwwer déi vum Palestrina.

1859, gouf am Théâtre Lyrique seng Oper Faust, nom Drama vum Goethe opgeféiert, an där d'Marguerite vum Faust verféiert gëtt, nodeem hien dem Däiwel seng Séil verkaaft hat. Wéinst der aussergewéinlecher Partitioun war de Succès grouss an am éischte Joer ware 70 Opféierungen. 1867, huet hien d'Oper Roméo et Juliette komponéiert, nom Stéck vum Shakespeare.

Wann de Gounod fir seng Operen berühmt gouf, dann huet hien iewer och zwou Symphonieen an eng Petite symphonie fir zéng Blosinstrumenter ( 1885) geschriwwen — an och reliéis Musek — dorënner säi bekannten Ave Maria komponéiert.

Haaptwierker[änneren | Quelltext änneren]

Périod Titel Représentatioun Typ Detailer
Operen
1858 Le Médecin malgré lui
Théatre lyrique
1859 Faust
Théatre lyrique
Oper
onmëttelbar 200 Representatiounen, dunn nei opgefouert 1869 mat engem Balett (iwwer 500 Representatiounen bis 1887)
1860 La Colombe
Bade
Reprise an der Opéra comique am Joer 1866
1861 Philémon et Baucis
Théatre lyrique
1862 La Reine de Saba
Oper a véier Akten
1864 Mireille
Théatre-lyrique
No engem Gedicht vum Mistral
1867 Roméo et Juliette
Théatre-lyrique
Oper a fënnef Akten
No engen 100 Representatiounen, gouf d'Oper och an der belscher an éisträichescher Haaptstad opgefouert, wou se laang um Programm blouf.
1872 Les Deux Reines
Salle Ventadour
No engem Drama vum Legouve
1873 Jeanne d'Arc
à la Gaîté
Zeenemusek
1877 Cinq-Mars
Opéra Comique
Opéra
1878 Polyeucte
Oper
1881 Le Tribut de Zamora
Oper a véier Akten
1882 La Rédemption
Birmingham
Oratorio
1851 Sapho
Oper
Reliéis, instrumental, symphonesch a Vocalmuse
Mass vun der Jeanne d'Arc
Mors et Vita (Oratorio pour soli, chœur et orchestre, gouf 1885 um Festival vu Birnimgham fir d'éischt opgeféiert )
Patriotesch Musek
La statue de la Liberté, Kantat, déi zu New York opgefouert gouf
Petite symphonie, fir 9 Blosinstrumenter
Vill Melodië mat franséischem Text (z. B. : "Sérénade" de Hugo, Le soir nom Lamartine, "Venise" nom Musset)

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Fir un de Gounod z'erënnere gouf zu Bouneweg eng Strooss no him benannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles_Gounod – Biller, Videoen oder Audiodateien