Charles Joseph du Pasquier

Vu Wikipedia
Charles Joseph du Pasquier
Gebuer 24. Juli 1817
Metz
Gestuerwen 20. Mee 1871
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École spéciale militaire de Saint-Cyr
Aktivitéit Politiker

De Charles Joseph du Pasquier de Dommartin gebuer zu Metz de 24. Juli 1817, a gestuerwen zu Paräis den 20. Mee 1871, war e franséischen Offizéier a Politiker.

De Charles Joseph huet seng Offizéieschléier tëscht 1836 an 1838 an der Offizéieschschoul Saint-Cyr déizäit zu Saint-Cyr an den Yvelines gemaach wou hien an der Promotion de l'Obélisque war. Den 1. Oktober 1838 gouf hie Kavalleriesleitnant (Sous-lieutenant) am 2. Dragounerregiment. De 6. Dezember 1842 gouf en zum Läitnant ernannt, an den 9. Dezember 1847 zum Capitaine.

Wéi d'keeserlech Garde gegrënnt gouf koum e bei d'Regiment vun de Guiden. Den 2. August 1858 gouf e Schwadrounskommandant beim 1. Cuirasséierregiment, a gouf 1861 chevalier vun der Légion d'honneur ernannt. Vum 21. Dezember 1866 bis zu senger Pensioun den 22. Dezember 1868 war e Lieutenant-colonel vum 6. Regiment vun de Chasseurs à cheval. Vun 1861 un war hie Conseiller général vum Departement Vosges an en huet de Canton de Châtenois vertrueden. Bei de Legislativwale vun 1869 gouf hien als Deputéierten an de Senat gewielt, wou hie sech fir e Krich géint Preise staark gemaach huet.[1] No der Revolutioun vum 4. September 1870, huet hie sech an d'Privatliewen zeréckgezunn, ënner anerem well en e Schlag kritt hat a geläämt war.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

Wope vun der Famill du Pasquier de Dommartin

De Charles Joseph war de Bouf vum Alphonse Claude du Pasquier an der Hyacinthe de Blochausen (1793-1843). Hien hat nach zwee Gesëschter:

Am Juni 1854 hat hie sech mat der Fanny Césarinne Adrienne Brocart Doumerc der Duechter vum Generol Doumerc bestuet an d'Koppel krut zwee Kanner:

  • Emile Maurice Alphonse du Pasquier (1855-1933) bestuet mat der Jeanne Prieur de la Comble
  • Léonie Gabrielle du Pasquier (1857- ?)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dictionnaire des parlementaires français