Charles Louis François de Paule de Barentin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Charles Louis François de Paule de Barentin (*1. Juli 1738, †30. Mee 1819 zu Paräis) war e franséische Staatsmann a Garde des sceaux um Enn vun der Regentschaft vum Louis XVI.

De Barentin war Member vun enger berühmter Famill aus der Noblesse de robe, Conseiller, Affekot fir d'Paräisser Parlament (1757 - 1775) a President vun der Cour des Aides (1775 - 1788). 1787 huet hien de Calonne a senge Projete fir d'Restauratioun vun de Finanze bei der Notabeleversammlung ënnerstëtzt. Hien huet net verstoppt datt him d'Aberuffung vun de Generalstänn net gepasst huet, an huet fir en Accord mat de Parlamenter optéiert. Hien huet net vill vum Necker gehalen, a sech géint hie gestallt, wéi et drëms gaangen ass, dem Tiers d'Verdueblung vun de Stëmmen ze ginn, wat hien zu engem Zil vun de Partisane vun engem politesche Changement a Frankräich gemaach huet. De 14. September 1788 gouf hien zum garde des sceaux amplaz vum Basville ernannt. Deselwechten Dag huet hien d'Parlamenter an hiren ale Prerogativen nees an d'Liewe geruff, wat de Maupeou dozou bruecht huet, iwwer de Louis XVI. ze soen:

« Il est foutu. »

Hien hat sech gewënscht, datt d'Generalstänn zu Soissons zesummekomm wieren, de Louis XVI. huet zu Compiègne logéiert.

Wéi d'Generalstänn de 5. Mee 1789 opgaange sinn, an de Kinnek mat senger Ried fäerdeg war, huet de Barentin d'Deputéierten dozou bruecht, d'« innovations dangereuses que les ennemis du bien public voudraient confondre avec les changements heureux nécessaires qui doivent amener la régénération, le premier vœu de Sa Majesté » ze refuséieren. Zu Onrecht krut de Barentin d'Haaptschold datt de Kinnek den Necker erausgehäit hat, a sou huet och hien de 15. Juli 1789 misse goen. Am November 1789 gouf hie beschëllegt, d'Land beleidegt ze hunn (crime de lèse-nation), mä d'Geriicht vum Châtelet huet hie fräigesprach, wat d'Paräisser dozou bruecht huet ze soen, datt déi Juridiktioun « la buanderie de la reine » wier. De Barentin ass kuerz drop an Italien emigréiert. Hien hat zu Montmédy op de Kinnek gewaart, deen awer net laanscht Varennes komm ass. Vun Italien aus ass e weider an England gezunn.

Nodeem d'Monarchie ënner dem Louis XVIII. nees restauréiert war, ass de Barentin nees zréck a Frankräich komm, a gouf zum Éierekanzler ernannt.

Rév-fran0.jpg Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.