Charles Louis Verboeckhoven

Vu Wikipedia
Charles Louis Verboeckhoven
Gebuer 5. Februar 1802
Warneton
Gestuerwen 25. September 1889
Bréissel
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Moler
Famill
Papp Barthélemy Verboeckhoven
Geschwëster Eugène Joseph Verboeckhoven
Kanner Louis Verboeckhoven

De Charles Louis Verboeckhoven, gebuer 1802 zu Warneton a Westflanderen, a gestuerwen de 25. September 1889 zu Bréissel, war e belsche Marinemoler.

Hie krut deen éischte Molunterrecht vu sengem Papp, grad wéi säi Brudder, den Eugène Joseph Verboeckhoven. De Charles Louis ass an d'Küstelänner vum Nordmier gereest, an huet sech do op d'Séimolerei spezialiséiert.

Biller vun him sinn an de Muséeë vu Courtray a vu Leipzig ze gesinn.