Charles Marx

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Charles Marx

De Charles Marx (Louis Charles Marx), gebuer de 26. Juli 1903 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 13. Juni 1946 am Spidol vu Meaux no engem Autosaccident zu La Ferté-sous-Jouarre, Frankräich , war e lëtzebuergeschen Dokter, Politiker a Resistenzler.

Seng jugendlech Opfaassungen[änneren | Quelltext änneren]

Mat 16 Joer war de Charles Marx schonn an der Jeunesse socialiste engagéiert. Hien ass deemools a sozialdemokratesche Kreesser wéinst senge revolutionären Usiichte staark kritizéiert ginn. Hien huet doropshin Uschloss un de franséische Grupp Clarté vum Henri Barbusse gesicht an ass mat der Jeunesse Socialiste zu de Kommunisten iwwergetratt. Hire Mouvement gouf dunn 1921 an Jeunesse communiste ëmbenannt.

Den Dokter[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première (1922) am Kolléisch huet hien zu Stroossbuerg an zu Paräis Medezin studéiert an uschléissend an der franséischer Haaptstad am Hôtel Dieu praktizéiert. Am Abrëll / Mee 1933 huet hien zu Lëtzebuerg seng Examen als Dokter mat Distinctioun gemaach.

Als Gynecologue a Chirurg, dee fir Mooperatioune spezialiséiert war, ass hien Interne vun de Paräisser Spideeler ginn, a krut dunn eng Plaz als medezinesche Chef vun der chirurgescher Sektioun vun der Paräisser Medezinfakultéit (Hôtel Dieu). 1935 huet hie seng Doktesch-Thes publizéiert, déi sech mat der Behandlung no der Operatioun, vu Mooperéierte befaasst huet. 1935 gouf hien an d'Association française de chirurgie gewielt a krut am selwechte Joer de Le-Piez-Präis mat dem Vermierk Lauréat de l'Académie de Médecine.

Fréi am Joer 1936 ass hien dunn zréck op Lëtzebuerg koum an huet sech zu Ettelbréck néiergelooss. Do huet hien an der Rue Kennedy déi al Ettelbrécker Klinik, déi vun der Croix Rouge gefouert ginn ass, zu senger Privatklinik ëmfunktionéiert, an dat mat Hëllef vu Schwëstere vun der Congrégation du Très Saint Sauveur, déi hie vu Niederbronn am Elsass komme gelooss huet.

1940, sechs Woche virun der däitscher Invasioun, ass eppes geschitt, wat een entscheedenden Afloss op säi spéidert Liewe sollt hunn. An der Nuecht vum 1. op den 2. Abrëll 1940, huet nämlech ee franséische Militärfliger, dee bei engem Opklärungsfluch iwwer Däitschland vun der Flak getraff gi war, tëscht Feelen an dem Hubertushaff eng Brochlandung gemaach. Vun de fënnef Besatzungsmembere waren der zwéi blesséiert ginn, de Capitaine, a spéidere Generol, Marcel-Pierre Faure a säin Adj.-Chef Charles Lherbiet. Si sinn an d'Ettelbrécker Klinik ageliwwert ginn, wou den Dokter Marx sech hirer ugeholl a medezinesch Ursaache gesicht huet, fir hir Internéierung, Lëtzebuerg war zu där Zäit offiziell nach e neutraalt Land, ze verhënneren.

Zesumme mam Dokter Nicolas Huberty an e puer aner Komplizen, huet hien dunn d'Evasioun vun deenen zwéi Fransousen organiséiert, a si heemlech iwwer déi franséisch Grenz bruecht. Dofir goufe si ugeklot. Et koum allerdéngs net méi zu engem Uerteel ënner der lëtzebuergescher Autonomie, well an der Tëschenzäit, den 10. Mee 1940, déi däitsch Truppen zu Lëtzebuerg ageréckt waren. Mä déi Däitsch haten déi Episod net vergiess.

De Resistenzler[änneren | Quelltext änneren]

Vun den Däitsche gouf den Dokter Marx 1941 zu 8 Méint Prisong an enger Geldstrof vun 20000 Mark veruerteelt. Dat ass iewer a senger Ofwiesenheet geschitt. Well, bewosst, dat hie bei enger däitscher Invasioun mat Konsequenze misst rechnen, hat hie sech den 10. Mee duerch d'Bascht gemaach a war op Montpellier a Frankräich geflücht, wou hie sech fir de medezinesche Service vun der franséischer Arméi gemellt huet. Am Laf vun enger gewësser Zäit war hien och de Vertrieder vum lëtzebuergesche Roude Kräiz.

Duerno huet hien zu Quillan (Departement Aude) eng Klinik vun engem franséischen Dokter vu Perpignan iwwerholl an huet do als Dokter a Chirurg praktizéiert, wat him erlaabt huet, grad wéi zu Montpellier, ville Lëtzebuerger ze hëllefen. Do war hien awer net sécher, well hie vun der Gestapo gejot gouf. Zu Montpellier gouf hie souguer op däitschen Drock hin zum Doud veruerteelt, erëm a senger Ofwiesenheet.

Am Juni 1942 huet hie säi Posten an der Klinik zu Quillan opginn an huet sech dem Resistenz-Reseau Mithridate vum B.C.R.A. (Bureau Central de Renseignement et d'Action) vum Charles de Gaulle ugeschloss. Dat huet him erlaabt, Norichtefilièren "iwwer déi sougenannten "Ligne Elisabeth" a "Ligne Charlotte" tëscht Lëtzebuerg a London opzebauen. An deem Bond waren och den Albert Ungeheuer. De Charles Reiffers an den Eugène Léger waren dobäi als Courrier aktiv. Nodeem (11. November 1942), d'Preisen an dat bis dohin onbesate Gebitt vun der Vichy-Regierung ageréckt waren, gouf säin Openthalt zu Quillan schwiereg. Hien huet sech dem Resistenzgrupp Combat et Franc-Tireur ugeschloss. Am Mee 1943 huet en de Maquis de la Haute Vallée de l'Aude gegrënnt a geschwënn duerno, poursuivéiert duerch d'Gestapo, Quillan definitiv verlooss.

Als Kommandant vun der FFI (Forces françaises de l'intérieur), war hien Ufank September 1944 bei der Liberatioun vu Lyon dobäi. Am Oktober 1944 gouf hien op Paräis geschéckt, fir do de Posten als Délégué du Conseil médical de la Résistance ze bekleeden. Hien huet och duerno, bis zum Waffestëllstand, als prominente Militärdokter, um Opbau vun de chirurgeschen Déngschter vun de franséisch-amerikaneschen Truppe matgewierkt.

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1945 ass den Dokter Charles Marx erëm zréck op Lëtzebuerg komm. Do gouf hien op der Lëscht vun der KPL bei den éischte fräie Walen nom Zweete Weltkrich als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Fir déi national Solidaritéit och no der Liberatioun ze betounen, koum et de 14. November 1945 zur Bildung vun enger Regierung vun der Nationaler Unioun, an där, nieft der CSV, LAP, Groupement Démocratique, och d'KPL vertruede war. Si huet hiert Amt de 14. November 1945 ugefaangen an de Charles Marx gouf an där Regierung Minister vun der Santé Publique. Dat war eng schwéier Aufgab, well deemools d'Zoustänn an de Gesondheetsdéngschter miserabel waren. Mat grousser Energie huet hie sech agesat, fir déi Zoustänn ze verbesseren. Den Dokter Marx war bekannt als een deen de Kontakt mam klenge Mann gesicht huet a fir hien ëmmer en oppent Ouer hat.

Wéi den Dokter Marx 1946 bei engem Autosaccident a Frankräich ëm d'Liewe koum, gouf hien duerch den Dominique Urbany an der Regierung ersat.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Haaptpublikatioun
    • Marx, Charles: Le Fonctionnement de l'estomac après gastrectomie (Notiz : Travail à la Clinique chirurgicale de l'Hôtel-Dieu), Editeur: Louis Arnette, Paräis, 1935, 259 p. ill. 8°, BnL : catalogue collectif bibnet.lu

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Dostert 2003: Charles MARX 1903-1946. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 395-397. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
  • Joseph Flies 1970: Ettelbrück, Geschichte einer Landschaft. Imprimerie Saint-Paul. (An deem Buch geet och Rieds vun dem Dokter Charles Marx a senge Verdéngschter am an nom Zweete Weltkrich).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]