Charles Mathias André

Vu Wikipedia
Charles Mathias André
Gebuer 27. September 1809
Veianen
Gestuerwen 20. Dezember 1891
Veianen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Member vun Assemblée constituante vun 1848


De Charles Mathias André (Karl Mathias André), gebuer de 27. September 1809[1] zu Veianen an do gestuerwen den 20. Dezember 1891, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker[2][3].

De Jurist[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Jurastudium zu Léck, Heidelberg, Paräis a Bréissel huet den C. M. André ufanks zu Dikrech als Affekot geschafft[3],[4]. Duerno huet hien als Procureur a Riichter Carrière gemaach.

Den 19. Februar 1840 krut hie seng Nominatioun als Substitut vum Procureur an der Stad Lëtzebuerg[5]. De 25. Februar 1843 gouf hien Untersuchungsriichter beim Bezierksgeriicht vu Lëtzebuerg mat enger Pei vun 1350 Gulden[6]. De 14. Dezember 1844 ass den C. M. André Procureur beim Bezierksgeriicht[7] an de 24. Juli 1848 President vum Bezierksgeriicht vu Lëtzebuerg ginn[8]. Den 19. September 1853 gouf hien an dëser Qualitéit "conseiller-honoraire à la Cour supérieure de justice du Grand-Duché de et à Luxembourg"[9]. Den 2. November 1853 gouf hie schliisslech "Conseiller effectif à la Cour supérieure de justice "[10].

Déi éischt Ried op Lëtzebuergesch an der Chamber[änneren | Quelltext änneren]

Den 19. Abrëll 1848 gouf de Charles Mathias André als Vertrieder vum Kanton Dikrech an d'Chamber (Constituante) gewielt. Deemools war hie Procureur an der Stad Lëtzebuerg[11]. Aus politesche Grënn hat déi Chamber vum 25. bis den 28. Abrëll hir Sëtzungen an der Primärschoul zu Ettelbréck, an net an der Stad Lëtzebuerg. Den 28. Abrëll 1848 huet den C. M. André bei den Debatten, ob d'Chamber eng Delegatioun an d'Nationalversammlung op Frankfurt soll schécken oder net, seng Interventioun op Lëtzebuergesch gemaach, eng ganz ongeheierlech Saach, well an der Chamber Franséisch oder héchstens nach Däitsch, awer keen "Dialekt" sollt geschwat ginn. Den Norbert Metz, deen eng ganz aner politesch Meenung wéi säi Virriedner vertratt huet, huet sech trotzdeem un dem André e Beispill geholl a seng Ried och op Lëtzebuergesch gehalen[3]. Am Courrier du Grand-Duché de Luxembourg vum 29. Abrëll 1848 liest sech dat sou: La discussion s'ouvrit avec ardeur (…) par un discours prononcé en allemand de Luxembourg par Mr. André, procureur d'État. Mr. Norbert Metz y répondit en la même langue …[12]

D'Luxemburger Wort bréngt an engem Extrablat zu senger Nr. 12 vum 30. Abrëll 1848, dat méi spéit erauskoum, ee méi ausféierleche Bericht iwwer d'Sëtzung vun der Ständeversammlung vum 28. Abrëll 1848:

Um 11 Uhr wird die Sitzung eröffnet. / [S. 2] Nach dem Namensaufruf, welcher die Abwesenheit dreier Mitglieder bekundete, hat der Rapporteur H. Würth das Wort. Er verliest den Bericht der Sektionen, welche(r) mit einer Majorität von 37 gegen 33 die Vertagung der Debatte über die Beschickung der frankfurter (sic) Reichsversammlung beantragte. Sie motivirten ihren Antrag auf Incompetenz und Inopportunität. Darauf erklärte der Präsident de la Fontaine die Debatte für eröffnet. Hr. Andre (sic) hat das Wort. Nach einer kurzen Einleitung in französischer Sprache, welche dahin zielte die Landessprache in den Debatten zu gebrauchen, und welche mit einem Citat aus den guêpes des A. Karr "les droits d'un pays peuvent se débattre en patois" endete, begann er in Luxemburger Deutsch zu sprechen. Er war ganz beredt und interessant war es wirklich, so wichtige Fragen, die er mit vollkommener Consequenz löste, in unserer Landessprache verhandeln zu hören. Sich auf das positive Staatsrecht und auf Rücksichten des National-Interesses stützend, wies er den Antrag der Sektionen ab und erklärte sich für die Beschickung der frankfurter (sic) Versammlung. Da war nun die Parthei (sic) Metz und Consorten aux abois. Tages (sic) vorher hatte dieselbe die Majorität, und ganz Ettelbrück hatte sich für ihre Meinung entschieden. N. Metz nahm das Wort; er begann: "ich werde mich auch des Luxemburgischen bedienen, denn ich bin auch der Ansicht, daß die Stände sowohl als das Publikum alles genau verstehen sollen.

Daraus ergiebt sich, daß man nicht Alles versteht, wenn französisch gesprochen wird. Warum bannt man also die französische Sprache nicht?, kommentéiert de Korrespondent vum "Wort" dës Ausso. — De Metz plädéiert fir eng Vertagung vun der Debatt. Den André widderleet deem seng Argumentatioun. Duerno schwätzt de Munchen… op Héichdäitsch[13].

Den Nikolaus Welter schreift iertemlecherweis dem Karl Theodor André de Merite zou, als éischten, laang virum C. M. Spoo, an der Chamber Lëtzebuergesch geschwat ze hunn[14]. De Gottfried Fittbogen huet 1939 an engem Jonghémecht-Artikel drop higewisen, datt dat net stëmme kann, well de Karl Theodor André guer net Member vun der Constituante war. Hien huet ugeholl, datt et sech vläicht ëm de Karl Mathias André gehandelt huet[15], eng Hypothees, déi ë. a. vum Albert Calmes[16] confirméiert gouf, a sech mat der Zäit duerchgesat huet[2], och wann alt nach deen een oder aneren de Karl Theodor André, deen iwwregens dem C. M. André säi Cousin war[17], als de grousse Virkämpfer fir d'Lëtzebuergesch an der Chamber duergestallt huet[18].

De Veianer Gemengerot huet a senger Sëtzung vum 9. November 2006 enger vun de Stroosse vun der Stad Veianen den Numm vum C. M. André ginn:

La rue passant près du Centre Culturel « Larei », liant la rue du Sanatorium à la route de Stolzembourg, portera dorénavant le nom de « rue Charles Mathias André », en mémoire du juriste et politicien viandenois, né à Vianden le 27.09.1809 et y décédé le 20.12.1891, qui s'est adressé en date du 28 avril 1848 pour la première fois dans l'histoire en langue luxembourgeoise aux députés de l'Assemblée Constituante.[19]

Referenzen a Foussnotten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Den Henri Kugener schreift: 17. September 1809 (mat Froezeechen); cf. H. Kugener: Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg 2005, Eigenverlag, S. 33.
  2. 2,0 2,1 G. Hausemer: Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg 2006, S. 17.
  3. 3,0 3,1 3,2 Personnagen: Karl Mathias André. In: Lëtzebuerger Journal 2000, Nr. 185 (27. September), S. 19.
  4. J. Milmeister: Wer zählt die Andrés, nennt die Namen ? In: Lëtzebuerger Almanach 1987, Luxemburg 1986, S. 340.
  5. Memorial 1840, Nr. 11, S. 84. Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2009-09-10.
  6. Memorial 1843, S. 174. Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2009-08-26.
  7. Memorial 1845, S. 1. Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2009-08-26.
  8. Memorial 1848, S. 470. Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2009-08-26.
  9. Memorial 1853, S. 680.
  10. Memorial 1853, S. 773. Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2009-09-15.
  11. Memorial 1848, S. 304. Gearchiveerd op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2009-08-26.
  12. Courrier du Grand-Duché de Luxembourg, Nr. 37, 29. Abrëll 1848, S. 2.
  13. Extrablatt zu Nr. 12 (1848) des "Luxemburger Wortes für Wahrheit und Recht (2. Säit). [1]
  14. N. Welter: Mundartliche und hochdeutsche Dichtung in Luxemburg. Ein Beitrag zur Geistes- und Kulturgeschichte des Großherzogtums. St. Paulus-Ges., Luxemburg 1929, S. 152.
  15. G. Fittbogen: Der luxemburgische Dichter und Politiker Karl Théodor André (1822-1883). In: Jong-Hémecht: Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum. Jg. 13(1939), H. 3/4, S. 71.
  16. A. Calmes: La révolution de 1848 au Luxembourg. Luxembourg 1957 (1ère éd.), 1982 (2e éd.), S.162.
  17. H. Kugener: Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg 2005, Eigenverlag, S. 33
  18. z. B. den Evy Friedrich: Kalennerblieder. Bd. 2. J.P. Krippler, Lëtzebuerg 1980, S. 127. De P. J. Muller (1968) preziséiert net, wat fir e Karl André an der Chamber Lëtzebuergesch geschwat huet a verleet déi Episod mat der Sprooch op de 25. Abrëll 1848 (P.J. Muller: Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Luxemburg 1968, S. 247). Deen Dag ass de Karl Theodor André, dee jo deemools nach net Deputéierte war, zwar an de Sëtzungssall vun der d'Chamber zu Ettelbréck erageplatzt, fir am Numm vun enger Aarbechterdelegatioun eng Petitioun virzestellen. Hie koum awer net zu Wuert, well de President him dat refuséiert huet (K. Handfest: Wilhelm Leibfried. Der Marx-Freund aus Luxemburg. COOPE, Luxemburg 1984, S. 60s). De J. Mersch (1963) huet eng änlech falsch Versioun wéi de P. J. Muller ginn, just datt hie preziséiert, dat wier de Ch. Th. André gewiescht (J. Mersch: Les Metz, la dynastie du fer. Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, fasc. 12 (1963), S. 490 [2]), wat jo net richteg ass.
  19. Réckspéil: nouvelles de la commune de Vianden = Nachrichten aus der Gemeinde Vianden, Nr. 6/2007, S. 8.