Charles Maurice de Talleyrand-Périgord

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Talleyrand vum Pierre-Paul Prud'hon (Detail)

De Charles-Maurice de Talleyrand-Périgord, gebuer den 2. Februar 1754 a gestuerwen de 17. Mee 1838 zu Paräis, meeschtens einfach Talleyrand genannt, war e franséische Politiker an Diplomat.

Hie war eng wichteg Perséinlechkeet vun der franséischer Politik am Ancien Régime, während der Franséischer Revolutioun, dem Directoire, dem Consulat, dem Premier Empire, der Restauratioun an der Julimonarchie, a war bei véier Kréinungen dobäi1.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Seng Famill huet behaapt, Nokomme vum Adalbert, Grof vum Périgord a Vassal vum Hugues Capet am Joer 990, ze sinn. Op jiddwer Fall war et eng Famill vum héijen Adel, wat duerch kinneklech Patentbréiwer aus de Joren 1613 a 1735 attestéiert ass. Seng Elteren, de Charles-Daniel de Talleyrand-Périgord an d'Alexandrine de Damas d'Autigny, hate wichteg Charge während der Herrschaft vum Louis XV.. Den Talleyrand war den Neveu vum Alexandre Angélique de Talleyrand-Périgord (1736-1821), Äerzbëschof vu Reims, Kardinol an Äerzbëschof vu Paräis.

Den Talleyrand ass den 2. Februar 1754 um Nummer 4, Rue Garancière zu Paräis op d'Welt komm. Säi Monni Alexandre gouf bei der Daf deselwechten Dag zu sengem Pätter ernannt. Den Talleyrand gouf du bei eng Nourrice ginn, déi sech véier Joer ëm hien am Faubourg Saint-Jacques bekëmmert huet. Laut senge Biographen huet hien ënner dem Marfan-Syndrom (genetesch Krankheet) gelidden, oder ass am Alter vu véier Joer gefall (seng eege Versioun a senge Memoiren): d'Resultat dovu war, datt hien e Klompfouss hat. Dat huet him eng militäresch Carrière onméiglech gemaach, an hien huet säin Eelsterecht verluer. Seng Elteren hu fir hien eng geeschtlech Carrière virgesinn, a säi Brudder Archambaut huet seng Plaz iwwerholl.

Geeschtlech Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Den Talleyrand (H.F. Helmolt, History of the World, New York, 1901).

1769, am Alter vu 15 Joer, ass hien op de Seminaire vu Saint-Sulpice komm. Dat huet hien awer net dru gehënnert, sech mat enger Schauspillerin vun der Comédie française, der Dorothée Dorinville, regelméisseg ze treffen.

Den 28. Mee 1774 krut hien d'"ordres mineurs". Den 22. September 1774, krut hie säi Baccalauréat fir Theologie op der Sorbonne, wuel éischter duerch säin Numm wéi duerch seng Aarbecht. Den Direkter vu senger Thes, de M. Mannay, huet e gudden Deel vun der Thes2 selwer geschriwwen. Am Alter vun 21 Joer, den 1. Abrëll 1775, krut hien d'"premiers ordres", obschonn hien d'Leit virgewarnt huet : « On me force à être ecclésiastique, on s'en repentira ». Den 11. Juni 1775 war den Talleyrand beim Sacre vum Louis XVI. dobäi, de Koadjutor vum Bëschof war keen anere wéi säi Monni ; dräi Méint méi spéit krut hien d'Rent vun der Abtei Saint-Rémy vu Reims. Am Fréijoer 1778 ass hien de Voltaire besiche gaangen. Den 18. Dezember 1779, de Moie vu senger Ordinatioun, huet säi Frënd Auguste de Choiseul-Gouffier hien ausser sech an an Tréinen opgeléist fonnt. De Choiseul-Gouffier huet him geroden, einfach zréckzetrieden, mä den Talleyrand huet him geentwert : « Non, il est trop tard, il n'y a plus à reculer. » Kee Member vu senger Famill war bei der Ordinatioun dobäi, mä seng Eltere sinn a seng éischt Mass komm.

D'Joer drop, 1780, gouf hien duerch säi Monni Generalagent vum Klerus vu Frankräich (agent général du clergé de France) ; hie war dofir zoustänneg, de Besëtz vun der Kierch géint de Louis XVI. ze verdeedegen, deen ëmmer méi Suë gebraucht huet (besonnesch am Joer 1785). Hei huet hie gemierkt, wéi räich de franséische Klerus wierklech war. Hie war zu dëser Zäit e Frënd vum Charles Alexandre de Calonne, Minister vum Louis XVI. ; hie war och bei der Negociatioun vum Handelsvertrag mat England 1786 dobäi.

Duerch säi wëlle Liewensstil (hien huet gespillt, hat vill Maîtressen) deen de Kinnek schockéiert huet, konnt hir sech keng Hoffnungen op de Bëschofstitel maachen, an dat obschonn hien ëmmer méi Sue gebraucht huet. Vu 1783 bis 1792 war ënner anerem d'Gräfin Adélaïde de Flahaut seng Maîtresse, déi him 1785 e Kand gebuer huet, de Charles de Flahaut3. Den Talleyrand war dacks an de liberale Salonsën ze gesinn. Hien huet an der Rue de Bellechasse gewunnt, a säin Noper war keen anere wéi de Mirabeau.

1788 huet de Kinnek hien endlech zum Bëschof vun Autun ernannt, dat duerch eng Requête vu sengem Papp un de Louis XVI. (« Cela le corrigera », soll de Kinnek dozou gesot hunn). Dräi Woche méi spéit, nodeem hien zum Deputéierte vum Klerus bei de Generalstänn gewielt gi war, huet hien Autun nees verlooss.

Den Talleyrand an d'Franséisch Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Während de Generalstänn huet sech den Talleyrand dem Drëtte Stand ugeschloss ; de 14. Juli 1789 gouf den Talleyrand éischte Member vum Comité de constitution vun der Nationalversammlung, wou hien eng wichteg Roll gespillt huet. Hie war och ee vun de Signataire vun der Konstitutioun déi dem Kinnek presentéiert gouf an déi hien de 14. September 1791 akkzeptéiert huet : hie war och den Auteur vum Artikel 6 vun der Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter : « La loi est l'expression de la volonté générale. [...] Elle doit être la même pour tous, soit qu'elle protège, soit qu'elle punisse [...] ».

D'Federatiounsfest

Den 10. Oktober 1789 huet hien der Assemblée virgeschloen, « les grands moyens » ze benotzen, fir d'Staatskeess nees ze fëllen : d'Konfiskatioun vum Besëtz vun der Kierch. Laut him, « le clergé n'est pas propriétaire à l'instar des autres propriétaires puisque les biens dont il jouit et dont il ne peut disposer ont été donnés non pour l'intérêt des personnes mais pour le service des fonctions »4. Ënnerstëtzt vum Mirabeau gouf de Projet den 2. November gestëmmt.

De 14. Juli 1790 huet hien d'Mass um Champ-de-Mars am Kader vum Federatiounsfest gehalen.

Den 28. Dezember 1790 huet hien en Eed op d'Zivilkonstitutioun vum Klerus geleescht, an als Bëschof demissionéiert. Hie war zoustänneg, den zwee éischte konstitutionelle Bëscheef hire Sacre ze ginn, déi och « Talleyrandistes » genannt goufen. Den 10. Mäerz huet de Poopst Pius VI. seng Péng iwwer dës Akte bekanntgemaach.

Um Ufank vum Joer 1792 gouf den Talleyrand an diplomatescher Missioun op London geschéckt. Hien ass nacheemol dohin zréckgefuer, zesumme mam François Bernard Chauvelin fir d'britesch Monarchie iwwer d'franséisch Politik ze rassuréieren. Obschonn d'Atmosspär alles anescht wéi frëndlech war, konnte si de 25. Mee d'Neutralitéit vun de Brite kréien. De 5. Juli ass den Talleyrand nees op Paräis komm, mä, well d'Terreur virun der Dir stoung, ass hie séier nees Richtung London ënnerwee gewiescht, mat enger Missioun déi hien de 7. September dem Danton ewechgeholl hat. Dat huet him erlaabt ze behaapten, hie wier ni emigréiert. De 5. Dezember gouf eng Uschëllegung géint de « ci-devant évêque d'Autun » erausginn, nodeem d'ominéis Armoire de fer opgemaach gi war ; den Talleyrand ass net a Frankräich zréckkomm, a stoung op der Emigrantelëscht.

1794 gouf hien aus Groussbritannien erausgehäit, an ass weider an d'Vereenegt Staate gezunn, wou hien an de Bëscher vu Massachusetts als Immobiliëprospekter geschafft huet. 1796 ass hien nees a Frankräich zréckkomm, nodeem d'Convention d'Uschëllegunge géint hie fale gelooss hat. Hie gouf vun der Emigrantelëscht gestrach an huet e Frankräich um Ufank vum Directoire erëmfonnt.

Ënner dem Directoire[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz nodeem hien nees zréck a Frankräich war, ass den Talleyrand dem Institut de France bäigetrueden5, an huet zwéin Essaiën iwwer déi nei international Situatioun geschriwwen, no sengen Erfarungen op senge Reese baussent Frankräich. Hien ass dem republikanesche Cercle constitutionnel bäigetrueden, obschonn hie Frënn bei den Orléanisten hat, an d'Conventionnels hunn an him e Géige-Revolutionär gesinn. De 17. Juli 1797, huet d'Madame de Staël — mat där hien eng Affär hat — e gutt Wuert fir hie beim wichtegste vun de fënnef Direkteren, dem Barras, ageluecht, an huet fäerdegbruecht, him d'Plaz vum Charles Delacroix als Ausseminister ze beschafen, deen als Ambassadeur an d'batavesch Republik geschéckt gouf.

Et gëtt Zweiwelen iwwer de Papp vum Moler Eugène Delacroix : no verschiddenen Zäitgenossen an Historiker, wier säi Papp den Talleyrand. Verschidde Grënn ënnerstëtzen dës Theorie :

  • den Talleyrand hat zu dëser Zäit eng Affär mat der Mme Delacroix (hien huet dem Charles Delacroix Fra a Ministère ewechgeholl) ;
  • de Charles Delacroix huet, bis sechs Méint virun der Gebuert vum Eugène, un enger Tumeur un den Testikele gelidden ;
  • sengen Zäitgenossen no hu sech den Eugène Delacroix an den Talleyrand geglach ;
  • den Talleyrand huet den Eugène während senger ganzer Carrière ënnerstëtzt a beschützt.

Bei senger Nominatioun zum Minister soll den Talleyrand gesot hunn : « Nous tenons la place, il faut y faire une fortune immense, une immense fortune ». Hien huet effektiv vun dësem Moment u grouss Geldzomme vun de Staate kritt, mat deenen hie verhandelt huet. Laut dem Charles Augustin Sainte-Beuve, « M. de Talleyrand évaluait lui-même à soixante millions ce qu'il pouvait avoir reçu en tout des puissances grandes ou petites dans sa carrière diplomatique. »6

Kuerz drop huet den Talleyrand de jonke Generol Bonaparte kennegeléiert, dee mat Succès vun der Italiecampagne zréckkomm war, an huet eng aktiv Korrespondenz mat him ënnerhalen. Begeeschtert vum Personnage huet de Bonaparte un den Directoire geschriwwen, a gesot, den Talleyrand « fait honneur à son discernement ».

A Wierklechkeet huet de Bonaparte an Italien gemaach wat hie wollt, an den Directoire, deen den Talleyrand am A behalen huet, huet déi wichteg saachen iwwerholl. Déi zimlech perséinlech Politik vum Talleyrand hat als Zil, d'europäesch Staaten ze versécheren, fir Fridden um Kontinent ze kréien. Hien huet d'Administratioun vun de franséischen Affaires étrangères an d'Liewe geruff (d'Organisatioun gouf um Ufank vum Consulat fäerdeggestallt), an huet Leit dora gesat, déi vill geschafft hunn, diskret an him trei waren. Hien huet säin Afloss weider ausgebaut.

Den 3. Januar 1798 huet hien e grousst Fest fir den Napoléon Bonaparte am Hôtel de Galliffet, wou de Ministère säi Sëtz hat, ginn. Hien huet d'Egyptenexpeditioun ënnerstëtzt, mä refuséiert, aktiv drun deelzehuelen. Den 13. Juli 1799 huet hie wéinst verschidde Skandaler demissionéiert. Hien huet de Staatsstreech vum 18. an 19. Brumaire virbereet, an e Komplott géint den Directoire mat Bonaparte a Sieyès ausgeschafft.

Napoleonesch Ära[änneren | Quelltext änneren]

« La destruction des cannonières françaises » oder « Le petit Boney et son ami Talley dans une grande joie », britesch Karikatur.

Nom Staatsstreech krut den Talleyrand säi Ministerposten nees zréck an huet déi wichteg Traitéë fir dem Bonaparte seng Eruewerungspolitik ausgeschafft.

D'Traitéë vu Mortefontaine a Lunéville goufe quasi ouni seng Interventioun ofgeschloss, de jonke Premier Consul huet net ville Leit an der Aussepolitik Plaz gemaach. Den Talleyrand war awer mat dësen zwéin Traitéen averstanen. Beim Konkordathuet de Poopst no Streidereien akkzeptéiert, beim Talleyrand en A zouzedrécken, dee sech offiziell nees am weltleche Liewe gesinn huet.

Am Joer X huet den Talleyrand seng mat der Catherine Noël Worlee (oder Verlee) bestuet, déi vum Georges-François Grand gescheet gi war, an déi hien zanter dräi Joer kannt huet. Si koum aus Dänesch-Indien an hat bretonesch Originnen. Zäitgenossen hunn iwwer si gesot « c'était la Belle et la Bête réunies en une seule personne ». Si haten zesummen e Meedchen, wat 1799 op d'Welt komm ass, wou de Papp ni deklaréiert gouf, mä dat hien 1803 adoptéiert huet, a géint 1815 mam Baroun Alexandre-Daniel de Talleyrand bestuet huet.

Am selwechte Joer huet hien d'Schlass vu Valençay kaaft, mat der finanzieller Hëllef vum Bonaparte. Spéider wunnen do d'Infante vu Spuenien, d'Gefaange vum Keeser. Den Domaine vum Schlass waren eng 120 km², an domat ee vun de gréisste Privatdomainer vun der Zäit. Den Talleyrand war regelméisseg a sengem Schlass, virun allem vir an no senge Thermalkuren zu Bourbon-l'Archambault.

1804, wéi d'Attentater vun de Royalisten ëmmer méi heefeg goufen, huet den Talleyrand eng Roll an der Hiriichtung vum Herzog vun Enghien gespillt. Den 11. Juli 1804 gouf hien zum Grand chambellan ernannt a war den 2. Dezember 1804 bei der Kréinung vum Napoléon dobäi.

Am Joer 1805, no der brillianter Campagne vun Éisträich an der schwéierer Néierlag Trafalgar huet den Talleyrand den Traité vu Pressburg ënnerschriwwen, deen hien net selwer opgesat hat.

1806 krut hien den Titel vum « Prënz vu Benevento », enger kleng Principautéit déi dem Poopst gehéiert hat. Den 12. Juli huet hien de Vertrag ënnerschriwwen, deen de Rhäinbond an d'Liewe geruff huet, nach ëmmer op Uerder vum Napoléon, op deen den Talleyrand nach ëmmer e groussen Afloss hat, mä dee sech wéineg ëm d'Projete vun enger europäescher Harmonie bekëmmert huet. Den Talleyrand huet d'Krichspolitik vum Napoléon ganz duuss kritiséiert, an huet ugefaangen, dem Zar Alexander I., iwwer säi Frënd Dalberg, Informatiounen zoukommen ze loossen. 1807 huet hien den Traité vun Tilsit verhandelt an ënnerschriwwen, an huet wuel hei schonn den Entschloss gefaasst, ze demissionéieren, wat hien effektiv den 10. August 1807 gemaach huet.

Den Talleyrand huet sech lues awer sécher vum Keeser distanzéiert : am September 1808, zu Erfurt wou dësen den Talleyrand lassgeschéckt huet, fir eng Allianz mat Russland ofzeschléissen, ass hie souwäit gaangen, dem Zar dovun ofzeroden, eng Allianz mam Napoléon anzegoen : « Le peuple français est civilisé, son souverain ne l'est pas ; le souverain de la Russie est civilisé, son peuple ne l'est pas ». Dëse "Verrod vun Erfurt" huet den Napoléon an deem Moment net verstanen, a war iwwerrascht datt hie mam Zar op kee gemeinsame Nenner komm ass.

Nodeem keng Noriichte vum Keeser aus Spuenien koumen, an et scho Rumeure gouf, hie wier gestuerwen, huet den Talleyrand, deen d'spuenesch Prënzen als Gefaange vum Keeser bei sech um Schlass hat, mam Joseph Fouché intrigéiert, fir der Keeserin d'Regence z'iwwerginn, an huet d'Ënnerstëtzung vum Joachim Murat gesicht. Den Napoléon ass a Spuenien iwwer dës Ëmstänn informéiert ginn, an ass direkt nees zréck op Paräis komm. Den 28. Januar 1809 huet den Napoléon den Talleyrand virun engem Conseil beleidegt7 an den Talleyrand soll geäntwert hunn : « Quel dommage, messieurs, qu'un si grand homme soit si mal élevé. ». Den Napoléon huet hie wéinst Verrot beschëllegt, an him seng Plaz als Grand chambellan ewechgeholl. Trotz dësen Ëmstänn an obschonn d'Oppositioun sech net verstoppt huet8, huet sech den Talleyrand awer keng allzegrouss Suerge gemaach, seng aner Plaze behalen a gouf nach ëmmer vum Keeser ëm Rod gefrot. Laut dem Jean Orieux war den Talleyrand fir den Napoléon « insupportable, indispensable et irremplaçable ». 1813 huet hien den Ausseministerposten, deen de Keeser him nacheemol wollt ginn, refuséiert.

1814 huet hie vum Stuerz vum Keeserräich profiéiert, a Paräis den Alliéierten an dem Louis XVIII. ausgeliwwert.

Éischt Restauratioun[änneren | Quelltext änneren]

Dorothée de Courlande, Herzogin vun Dino

Am Mäerz koumen d'Alliéiert op Paräis. Den 1. Abrëll 1814 gouf den Talleyrand vum Senat zum « Président du gouvernement provisoire » gewielt. Hien huet de Waffestëllstand mat den Alliéierte verhandelt, an de Louis XVIII. op den Troun bruecht, deen hien zum Ausseminister ernannt huet. D'Prinzipautéit vu Benevento ass zréck un de Poopst gaangen, mä den Talleyrand konnt den Titel behalen. De Louis XVIII. huet him den Optrag ginn, Frankräich um Wiener Kongress ze vertrieden.

De Wiener Kongress ass de 16. September 1814 opgaangen, an obscho Frankräich net um Verhandlungsdësch duerft sëtzen, war den Talleyrand dobäi. Hien huet et fäerdegbruecht, andeems hien d'Streidereien tëscht den Alliéierten ausgenotzt huet, d'Sanktioune géint Frankräich ze limitéieren. Als Alliéierte vun Éisträich a Groussbritannien huet hie sech géint Preisen a Russland gestallt : Preisen konnt Sachsen vergiessen, an och Russland huet misse Polen opginn. Den Talleyrand konnt awer net verhënneren, datt Preisen eng Grenz mat Frankräich krut. Hien huet de finalen Akt vum Kongress den 9. Juni 1815 ënnerschriwwen.

Um Pabeier konnt Frankräich seng Eruewerunge vu 1792 behalen, wat awer net agetrueden ass. Den Napoléon ass aus sengem Exil vun Elba nees zréckkomm, a gouf triomphal vun de Fransousen empfaangen, wat d'Meenung vun den Alliéierte verschlëmmert huet. Den Talleyrand ass mam Louis XVIII. während de Cent-Jours an den Exil gezunn, an huet deklaréiert : « C'est une question de semaines, il [Napoléon] sera vite usé. » No der Schluecht vu Waterloo huet de Louis XVIII. säin Troun nees zréckkritt. Den Talleyrand ass Ausseminister bliwwen, an den 9. Juli 1815 gouf hien zum President vum Conseil vun de Ministeren ernannt.

Fir dem Drock vun den Ultraroyalisten nozeginn, huet de Louis XVIII. den Talleyrand zur Demissioun gezwongen, an hien de 24. September 1815 zum Grand chambellan de France ernannt. Dëst ass déi éischt Kéier zanter hien aus Amerika zréckkomm ass, datt hien net un der Muecht war. Hien huet sech vu senger Fra getrennt.

Seng politesch Aktivitéit war bis op e puer Rieden an der Chamber limitéiert (dorënner d'Oppositioun géint d'Spuenienexpeditioun a géint de François-René de Chateaubriand), hien huet Memoirë geschriwwen an hat Kontakt mat Liberalen an Orléanisten. Zu dëser Zäit huet hien d'Bekanntschaft vum Adolphe Thiers gemaach, deen de jonken Eugène Delacroix héich gelueft huet. Den Talleyrand huet e groussen Deel vu senger Zäit zu Valencay verbruecht, zesumme mat der Dorothée de Courlande, déi mat sengem Neveu Édmond bestuet war, a mat där hie wuel eng Affär hat. D'Meedche Pauline ass héchstwahrscheinlech vum Talleyrand.

Julimonarchie[änneren | Quelltext änneren]

Am Juli 1830 ass de Louis-Philippe no den Trois glorieuses déi de Charles X. verdriwwen haten, op de franséischen Troun komm. Hien huet den Talleyrand zum Ambassadeur zu London ernannt, fir d'Neutralitéit vun England vis-à-vis vum neie Regime ze garantéieren9. Knapps zu London ukomm, ass den Talleyrand dem Wellington begéint deen d' « malheureuse révolution de juillet » ernimmt huet. Den Ambassadeur huet versicht dem Premierminister kloer ze maachen, datt dës Revolutioun weder eppes Schlechtes fir Frankräich, nach fir déi aner Staate wier, mat deenen den neie Regime gutt Relatioune wéilt ënnerhalen. E bësse méi spéit huet hien d'Prinzessin vu Lieven, Fra vum Ambassadeur vu Russland, op hir Plaz verwisen « Vous avez bien raison, Madame. Seulement, ce qui est à regretter, c'est qu'elle n'ait pas eu lieu quinze ans plus tôt, comme le désirait et le voulait l'empereur Alexandre votre maître10 ! »

Den Talleyrand huet un der Onofhängegkeet vun der Belsch matgeschafft, a versicht Frankräich an England nees méi no beienaner ze bréngen. Säi Raffinement a seng Habilitéit waren zu London berühmt, a Frankräich war seng Reputatioun op engem Déifpunkt ukomm : « Le prince a évité à la France le démembrement, on lui doit des couronnes, on lui jette de la boue. »11. Zu dëser Zäit koum et zu engem generellen Haass vun alle Parteie géint den Talleyrand. Hie gouf zum « diable boîteux », deen, deen all Mënsch verroden huet. Hien huet regelméisseg den Alphonse de Lamartine empfaangen, an hat e gutt Verhältnes zum Wellington.

Den Talleyrand ass bis 1834 zu London bliwwen, an huet sech duerno op säi Schlass vu Valençay zréckgezunn. Do huet hien den Honoré de Balzac empfaangen, a seng Memoirë fäerdeggeschriwwen.

1837 ass hie vu Valençay fortgaangen, an huet sech a sengem Hôtel de Saint-Florentin zu Paräis néiergelooss.

Wéi den Dag vu sengem Doud ëmmer méi no geréckelt ass, huet hien zréck bei d'Relioun fonnt, an dem Abt Dupanloup opgedroen, seng Retraktioun ze verfaassen, déi hien nëmme véier Stonne viru sengem Doud ënnerschriwwen huet, fir d'lescht Salwung ze kréien. An deem Moment wou de Paschtouer dëst Sakrament iwwerreche wollt, huet den Talleyrand nach deklaréiert : « N'oubliez pas que je suis évêque. » (an dësem Fall gouf d'Sallef mam Réck vun der Hand opgedroen, an net mat der Handfläch). Dëst Evenement gouf vu ganz Paräis verfollegt, an den Ernest Renan sot dozou, datt den Talleyrand et fäerdegbruecht hätt, « à tromper le monde et le Ciel ».

Wéi de Kinnek Louis-Philippe gewuer ginn ass, datt den Talleyrand am Stierwe géif leien, huet hien decidéiert, hien ze besichen. Den Talleyrand sot zu him: « Sire, c'est un grand honneur que le roi fait à ma maison. »12

D'Begriewnis war den 22. Mee. Den Talleyrand gouf an enger Kapell beim Schlass vu Valençay an der Familljekrypta begruewen. Op der Marberplack steet geschriwwen : « Ici repose le corps de Charles-Maurice de Talleyrand Périgord, prince duc de Talleyrand, duc de Dino, né à Paris le 2 février 1754, mort dans la même ville le 17 mai 1838. »

Zäitgenëssesch Meenungen a Posteritéit[änneren | Quelltext änneren]

  • Gustave Flaubert : « Talleyrand (Prince de) : s'indigner contre » (Dictionnaire des idées reçues) ;
  • Honoré de Balzac : « Certain prince qui n'est manchot que du pied, que je regarde comme un politique de génie et dont le nom grandira dans l'histoire » ;
  • Alphonse de Lamartine : « L'opulence, pour M. de Talleyrand était autant une politique qu'une élégance de sa vie » ;
  • George Sand : « Une exception de la nature, une monstruosité si rare que le genre humain, tout en le méprisant, l'a contemplé avec une imbécile admiration. » ;
  • Napoléon : « De la merde dans un bas de soie ».
  • Charles Augustin Sainte-Beuve : « Le problème moral que soulève le personnage de Talleyrand, en ce qu'il a d'extraordinaire et d'original, consiste tout entier dans l'assemblage, assurément singulier et unique à ce degré, d'un esprit supérieur, d'un bon sens net, d'un goût exquis et d'une corruption consommée, recouverte de dédain, de laisser-aller et de nonchalance. »

Den Talleyrand hat de Spëtznumm « le diable boiteux » vu senge Géigner kritt, a Géigner hat den Talleyrand genuch: Fir d'Monarchiste war hien e Revolutionär, vun der Kierch hat hien de Besëtz konfiszéiere gelooss, fir d'Jakobiner hat hien d'Revolutioun verroden, a fir d'Bonapartisen hire Keeser ("Verrot vun Erfurt"). Vill Memorialisten, wéi de François-René de Chateaubriand13 hunn an hire Wierker kee Geheimnis draus gemaach, wat si vun him gehalen hunn.

Zu dëser Zäit war eng Anekdot am Ëmlaf, datt de Louis-Philippe bei sengem Doudebett stoung, an den Talleyrand hätt zu him gesot « Sire, je souffre comme un damné. » « Déjà ! », soll dem Kinnek seng Äntwert gewiescht sinn. D'Anekdot konnt ni bewise ginn, mä huet sech séier weiderverbreet. Sou soll och den Däiwel den Talleyrand an der Häll mat de Wierder « Prince, vous avez dépassé mes instructions. » empfaangen hunn.

D'20. Joerhonnert huet versicht, den Talleyrand ze rehabilitéieren14, virun allem seng Biographen hunn a sengen Handlungen eng Kontinuitéit gesinn, den Talleyrand als e Mann deen ëmmer "fir Frankräich" gehandelt huet.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Essai sur les Avantages à retirer des colonies nouvelles
  • Mémoire sur les relations commerciales des États-Unis avec l'Angleterre
  • Mémoires ou opinion sur les affaires de mon temps (4 Bänn)
    • 1754 - 1807: La Révolution
    • 1807 - 1814: L'Empire
    • 1814 - 1815: Le congrès de Vienne
    • 1815: La Restauration

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Franz Blei, Talleyrand : homme d'État, Payot, Paräis, 1980. (ISBN 2-228-70150-5)
  • Duff Cooper, Talleyrand, Cercle Historia, Paräis, 1964.
  • Guglielmo Ferrero, Talleyrand a Vienna (1814-1815), Corbaccio, Mailand, 1999. (ISBN 88-7972-276-X)
  • Georges Lacour-Gayet, Talleyrand, Payot, Paräis, 1928 (4 Bänn).
  • Léon Noël, Énigmatique Talleyrand, Fayard, Paräis, 1975. (ISBN 2-213-00253-3)
  • Jean Orieux, Talleyrand ou Le sphinx incompris, Flammarion, Paräis, 1998. (ISBN 2-08-067674-1)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles-Maurice de Talleyrand – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: Kréinung vum Louis XVI., wou säi Papp déi éischt Roll gespillt huet, Kréinung vum Napoléon I. als Grand chambellan, Kréinung vum Charles X. a Kréinung vum Louis-Philippe I.. De Louis XVIII. gouf net gekréint.
2: Quaenam est scientia quam custodient labea sacerdotis : « Quelle est la science que doivent garder les lèvres du prêtre », zitéiert vum Jean Orieux.
3: Eng Säit iwwer de Charles de Flahaut déi 45 vu 50 Biographen ernimmt, déi der Meenung sinn, datt den Talleyrand säi Papp war.
4: Jean Orieux, Talleyrand ou Le sphinx incompris.
5: Den Talleyrand war schonn zum Member vun der Académie des Sciences morales et politiques viru senger Rees an Amerika, de 14. Dezember 1795, gewielt ginn.
6: Charles Augustin Sainte-Beuve, Nouveaux lundis, « M. de Talleyrand » (1870) Encyclopédie de l'Agora.
7: « Vous êtes de la merde dans un bas de soie »
8: « Napoléon avait eu la maladresse d'abreuver de dégoût ce personnage si délié, d'un esprit si brillant, d'un goût si exercé et si délicat, qui, d'ailleurs, en politique lui avait rendu autant de services pour le moins que j'avais pu lui en rendre moi-même dans les hautes affaires de l'état qui intéressaient la sûreté de sa personne. Mais Napoléon ne pouvait pardonner à Talleyrand d'avoir toujours parlé de la guerre d'Espagne avec une liberté désapprobatrice. Bientôt, les salons et les boudoirs de Paris devinrent le théâtre d'une guerre sourde entre les adhérents de Napoléon d'une part, Talleyrand et ses amis de l'autre, guerre dont l'épigramme et les bons mots étaient l'artillerie, et dans laquelle le dominateur de l'Europe était presque toujours battu. », in Mémoires de Joseph Fouché.
9: Dës Nominatioun vum Ministeschconseil, déi den 3. September 1830 ausgeschwat gouf, huet Polemik ervirgeruff. De jonken Herzog vun Orléans huet sech dogéint gestallt an de Victor Hugo war traureg driwwer, datt net de La Fayette d'Plaz krut, well sou hätt een « dételé [sa] boiture de Douvres à Londres avec douze cent mille Anglais en cortège » an « Wellington eût été paralysé devant La Fayette. Qu'avons-nous fait ? Nous avons envoyé Talleyrand. Le vice et l'impopularité en personne, avec cocarde tricolore. Comme si la cocarde couvrait le front [...] À toutes les cicatrices que nos divers régimes ont laissées à la France, on trouve sur Talleyrand une tache correspondante. »
10:1815 hat den Alexander I. envisagéiert, d'Bourbone vun der Muecht ewechzekréien, an den Herzog vun Orléans op de franséischen Troun ze setzen. Den Talleyrand huet vergiess z'ernimmen, datt hie selwer dodogéint war.
11: Honoré de Balzac, Le père Goriot.
12: Guy Antonetti, Louis-Philippe, Fayard, Paräis, 2002, S. 792.
13: « Ces faits historiques, les plus curieux du monde, ont été généralement ignorés, c'est encore de même qu'on s'est formé une opinion confuse des traités de Vienne, relativement à la France : on les a crus l'œuvre inique d'une troupe de souverains victorieux acharnés à notre perte ; malheureusement, s'ils sont durs, ils ont été envenimés par une main française : quand M. de Talleyrand ne conspire pas, il trafique. », François-René de Chateaubriand, Mémoires d'Outre-tombe. [1]
14Sou gëtt et eng « rue Talleyrand » zu Reims a Périgueux, mä och zu Paräis, net wäit ewech vun den Invalides; an dëser Strooss ass och d'Ambassad vu Polen.