Charles Olm

Vu Wikipedia
Charles Olm
Gebuer 27. Abrëll 1857
Réimech
Gestuerwen 6. September 1922
Staten Island
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zoolog

De Charles (Karl) Olm, gebuer de 27. Abrëll 1857 zu Réimech a gestuerwen de 6. September 1922 op Staten Island an den USA, war e lëtzebuergeschen Zoolog.[1]

De Charles Olm, dee virdru Commis resp. Sekretär beim Parquet an der Stad war, ass 1890 “Chef de bureau” am Sekretariat vun der Gemeng Lëtzebuerg ginn an am Oktober 1892 Chefkontroller vum Stater Octroi. Den Olm sollt net laang op där Plaz bleiwen; wéinst enger Rei vu méi oder manner mat den Hoer erbäigezunnenen Onreegelméissegkeeten, déi him vun der politescher Majoritéit vum Gemengerot virgeworf goufen, ass hien am Juni 1894 vun der Stad Lëtzebuerg entlooss ginn. Hien ass dorop mat senger Famill an Amerika ausgewandert. Den 29. August 1894 koum hien zu New York un.[1]

Den Olm huet sech fir Zoologie a besonnesch Entomologie intresséiert. Hie war un der Grënnung vun der “Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde” am Joer 1890 bedeelegt, déi sech vun 1891 un zousätzlech nach “Société des Naturalistes Luxembourgeois” genannt huet. Well hien an der alleréischter Versammlung vum zukünftege Veräin net dobäi war, well e verhënnert war, ass hien awer net als Grënnungsmember betruecht ginn, wat hien awer, objektiv gesinn, war.[2]

Den Olm huet am Bulletin vum Veräin e puer kleng Notize publizéiert an am Ufank, wéi hien an Amerika war, och nach Material fir dem Veräi seng Sammlung geschéckt: d'Schwanzrësel vun enger Klapperschlaang aus Georgia, de preparéierte Kappskelett vun enger Risendeckelsmouk aus Florida.[1]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Olm, C., 1891. Der Ameisenlöwe (Myrmecoleon formicarius L.). Mittheilungen aus den Vereins-Sitzungen der Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, 1 (1891), S. 13-14. [1]
  • Olm, C., 1892. Ausflug vom 6. Juni 1892. Mittheilungen aus den Vereins-Sitzungen der Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, 2 (1892), S. 36-37.
  • Olm, C., 1893. Ueber Raubwildfang. Mittheilungen aus den Vereins-Sitzungen der Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, 3 (1893), S. 27. [2]
  • Olm, C., 1893. Miscellen [Dreizehenmöwe. - Vogelzug]. Mittheilungen aus den Vereins-Sitzungen der Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, 3 (1893): 32.
  • Olm, C., 1893. Vom Büchertisch. - Paul Leverkühn: Fremde Eier im Nest. Mittheilungen aus den Vereins-Sitzungen der Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, 3 (1893), S. 32.
  • Olm, C., 1893. Ausflüge der Fauna wärend des Jahres 1893. Mittheilungen aus den Vereins-Sitzungen der Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, 3 (1893), S. 84-85.
  • Olm, C., 1893. Miscellen [Nußhäher]. Mittheilungen aus den Vereins-Sitzungen der Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde, 3 (1893), S. 96.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 91 (1990), S. 5-214. [3]
  • Massard, J. A., 2012. Aus den Anfangsjahren der „Fauna, Verein Luxemburger Naturfreunde. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 113 (2012), S. 3-39. [4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Massard 2012, S. 26-34.
  2. Massard 1990, S. 23-24.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]