Charles Reiffers

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Charles Reiffers
Gebuer 1. September 1920
Breedelt
Gestuerwen 15. Oktober 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Charles Reiffers, gebuer den 1. September 1920 zu Breedelt, a gestuerwen de 15. Oktober 1985 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Jurist, Direkter vun der Inspektioun vun der Sécurité sociale a Resistenzler[2].

De Charles Reiffers als Resistenzler[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich, genee den 1. Oktober 1941, huet de Charles Reiffers sech no Frankräich ofgesat, fir net brauchen an de Reichsarbeitsdienst ze goen. Hie gouf am netbesate Gebitt vun der Police vun der Vichy-Regierung verhaft, konnt sech awer derduerch maachen an huet den Dokter Charles Marx zu Quillan getraff (Ufank 1942). Hie war dunn als Courrier (Noriichentiwwermëttler) an der sougenannter Ligne Charlotte, iwwer déi d'Noriichten un déi Alliéiert zu London gelaf sinn, aktiv. Hien ass e puermol zu Lëtzebuerg opgedaucht, fir Noriichten am Land ze sammelen, Lëtzebuerger bei der Flucht iwwer d'franséisch Grenz ze hëllefen a s'an engem Centre d'accueil a Frankräich ënnerzebréngen.

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

  • Vum 23. Dezember 1978 bis zu sengem Doud (1985) war de Charles Reiffers Member vum Staatsrot[3].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Flies, Joseph: Ettelbruck: Geschichte einer Landschaft, (1970), Imrimerie Saint-Paul, 2274 Säiten, Kuck Säit 1904
  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Hilbert, Roger: Resistenzbilder in: De Mierscher Gemengebuet. - Mersch. - Nr. 70(Mäerz 2005), p. 39-44, ill.
  • Petite histoire de l'activité des résistants luxembourgeois engagés dans les réseaux et les maquis de la France combattante / [réd.:] Jules Stoffels. - [Luxembourg]: Association des anciens combattants volontaires luxembourgeois de la Résistance française, 2006 (Luxembourg: Impr. Centrale). - 141 Säiten: ill. ; 26 cm, ISBN 2-87996-760-0
  • Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, (um Internet: Referenz um Spaweck), Luxemburg, 1997

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Charles Nicolas Reiffers op www.deltgen.com
  2. De Charles Reiffers op der Websäit www.ons-jongen-a-meedercher.lu
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot