Charles Rischard

Vu Wikipedia
Charles Rischard
Gebuer 15. Mee 1841
Dikrech
Gestuerwen 12. Juni 1914
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Riichter, Minister

De Charles Joseph Rischard, gebuer 15. Mee 1841 zu Dikrech a gestuerwen den 12. Juni 1914 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.[1]

De 24. Juni 1868 krut hien eng Plaz um Bezierksgerriicht zu Dikrech an den 29. Februar 1872 gouf hien do Riichter.[1]

Den 13. Oktober 1873 gouf hie Riichter um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg.[1]

Den 9. November 1875 gouf hie Procureur général bei der Cour Supérieure zu Lëtzebuerg.[1]

De 17. Abrëll 1883 gouf hien Direkter vun der Post- an Telegrafeverwaltung.[1]

Vum 15. Februar 1888 bis den 23. Juni 1896 war hie Member vum Staatsrot.[2]

Hie war vum 23. Juni 1896 bis de 25. Oktober 1905 Minister fir ëffentlech Aarbechten (Directeur Général des Travaux Publics) an der drëtter Regierung Eyschen.[1]

Ënner him ass déi Nei Bréck an d'Stater Gare gebaut ginn.[1] Vu sengem Virnumm staamt den Numm Chareli fir d'Vizinalbunn vun der Stad op Iechternach.

De Charles Rischard war vum 25. Oktober 1905 bis zu senger Pensionéierung den 31. August 1913 President vun der Cour supérieure de justice.[1]

Vum 26. Oktober 1905 bis den 12. Juni 1914 war hien nees Member vum Staatsrot.[2]

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 1,7 1,8 Biographie vum Charles Rischard am Luxemburger Wort vum 13. Juni 1914 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2012-12-28.
  2. 2,0 2,1 Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  3. Memorial N°50 vun 1904 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen