Charles Siegen

Vu Wikipedia
Charles Siegen
Gebuer 20. Januar 1842
Gestuerwen 16. Februar 1904
Aktivitéit Véidokter

De Charles Siegen, gebuer den 20. Januar 1842 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 16. Februar 1904 war e lëtzebuergesche Veterinär.

No sengem Examen am November 1865 huet de Siegen sech an der Stad Lëtzebuerg als Veterinär etabléiert. Am Mäerz 1869 ass hie Veterinär vun der Stad Lëtzebuerg ginn. 1876 gouf hien Direkter vum Schluechthaus Lëtzebuerg-Pafendall, dem 1. Schluechthaus vum Grand-Duché. Am Oktober 1893 gouf hie Staatsveterinär fir de Kanton Lëtzebuerg, an 1901 och nach offizielle Veterinär vum groussherzoglechem Haff. Hien huet och den Institut vaccinal vu Lëtzebuerg dirigéiert, deen den Impfdokteren den Impfstoff (cow-pox) géint d'Pouke gratis geliwwert huet.

De Charles Siegen war jorelaang am Büro vun der Société des sciences médicales, dovun zwéin als Sekretär (1891-1892); hie war "membre agrégé" vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal a Sekretär, am Joer 1872, vun der neier Société de botanique. Hie war och am Collège médical (1901-1904).

De Ch. Siegen huet eng Rei Artikelen an dem Bulletin vun der Société des sciences médicales publizéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses vétérinaires. 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 S. (Siegen Charles, S. 269-270).