Charles de Tornaco (Autospilot)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Autospilot Charles de Tornaco. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Charles de Tornaco.
Charles de Tornaco
Gebuer 7. Juni 1927
Bréissel
Gestuerwen 18. September 1953
Modena
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Formel-1-Pilot, Motorradcoureur, Ingenieur, Autospilot

De Charles de Tornaco gebuer zu Bréissel de 7. Juni 1927 a gestuerwen um Circuit vu Modena bei engem Aoutosaccident den 18. September 1953, war e belschen Autospilot, an der Formel 2, Formel 1 an op Sportsautoen.

1950 hat hien zesumme mam Jacques Swaters, André Pilette a Roger Laurent d'Écurie Belgique gegrënnt déi 1952 sollt an Écurie Francorchamps ëmgedeeft ginn.

Hie war de Bouf vum Raymond de Tornaco deen och Autoscoursse gefuer ass an deen ee vun den Haaptinitiateure vum Circuit vu Francorchamps war a selwer do den éischte grousse Präis gewonnen hat.

1953 ass hien zesumme mam Lëtzebuerger Pilot Honoré Wagner beim Grousse Präis vu Francorchamps mat engem Ferrari 212 un de Start gaangen, si hu wéinst Motorschued missen opginn.