Charlton Heston

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Charlton Heston als President vum American Film Institute am Januar 1981

De Charlton Heston (gebuer als John Charles Carter; de 4. Oktober 1923 zu Evanston, Illinois, a gestuerwen de 5. Abrëll 2008 zu Beverly Hills, Kalifornien) war en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Biergerrechtler a Waffelobbyist.

No sengem Militärdéngscht vun 3 Joer huet den Charlton Heston Theater, an dunn an Tëleesproduktioune gespillt. 1950 huet en a sengem éischte Kinosfilm, Dark City, gespillt.

Zu senge bekanntste Rollen zielen de Moses an The Ten Commandments (1956), de Judah Ben-Hur a Ben-Hur (1959), woufir en en Oscar fir dee beschte Schauspiller kritt huet, de Julius Cäsar an Julius Caesar (1970) an den Marcus Antonius an Anthony and Cleopatra (1972). Och am Science-fiction-Film Planet of the Apes (1968) a sengem Nofolger Beneath the Planet of the Apes (1970) hat en d'Haaptroll, sou wéi och an diverse Katastrophefilmer, wéi z.B. Earthquake (1974).

An den 1950er Joren huet den Charlton Heston dem Martin Luther King seng Biergerrechtsbeweegung ënnerstëtzt an huet sech an den 1960er Jore géint de Vietnamkrich engagéiert. Méi spéit ëmmer méi staark huet hie sech och fir d'Recht agesat, Waffen dierfen ze droen, a war vun 1998 bis 2002 President vun der National Rifle Association.

Hien ass un de Suitë vun der Alzheimer-Kränkt gestuerwen.

[änneren] Filmografie (Auswiel)

[änneren] Kino

[änneren] Bibliographie

  • The actor's life: journals, 1956-1976, Autobiographie (red. Hollis Alpert), E.P. Dutton, New York (1978) - ISBN 0-671-83016-3
  • Beijing Diary, Autobiographie, Simon and Schuster, New York (1990) - ISBN 0-671-68706-9
  • In the arena: an autobiography Simon & Schuster, New York (1995) - ISBN 1-57297-267-X
  • To be a man: letters to my grandson, Simon & Schuster, New York (1997) - ISBN 0-684-84116-9
  • Charlton Heston presents The Bible - a companion for families, GT Publishers, New York (1997) - ISBN 1-57719-270-2
  • Charlton Heston's Hollywood: 50 years in American film, Autobiogaphie (mam Jean-Pierre Isbouts), GT Publishers, New York (1998) - ISBN 1-57719-357-1
  • The Courage to be Free (mat engem Préface vum Wayne LaPierre), Saudade Press, Kansas City (2000) - ISBN 978-0-9703688-0-5


Commons: Charlton Heston – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen