Charta vum Benevolat

Vu Wikipedia
De 5. Dezember 2014 war zu Leideleng, am Gebai «la Philanthropie», déi symbolesch Iwwerreechung vun der Charta vum Benevolat un déi éischt 245 Signatairen.

D'Charta vum Benevolat, Charta vum Fräiwëllegendéngscht oder Charta vum Éierenamt ass eng Charta, déi zu Lëtzebuerg vun der Association du Bénévolat Luxembourg a.s.b.l. a sengem Exekutivorgan der Agence du Bénévolat ausgeschafft gouf fir den zivillen Engagement zu Lëtzebuerg ze fërderen an en unzeerkennen.

Am Kader vum europäesche Joer vum Benevolat 2011 hat déi Europäesch Kommissioun empfuelen, de Fräiwëllegendéngscht ze fërderen an e Qualitéitsbenevolat unzestriewen[1]. De 5. Dezember 2014, um Internationalen Dag vum Benevolat, hunn 245 Associatiounen[2] aus alle Secteuren als éischt dës Charta offiziell ënnerschriwwen[3]. Zu dësen 245 Vereenegungen huet och d'Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch gehéiert. D'Presenz vun der Groussherzogin Maria Teresa an der Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen hunn déi gesellschaftlech Bedeitung vum Benevolat ervirgestrach.

Inhalt vun der Charta[änneren | Quelltext änneren]

D'Charta[4] grënnt op de Wäerter Solidaritéit, Biergerlechkeet (Citoyennetéit) a géigesäitegem Respekt. Dës Charta ass d'Basis vun enger wierklecher Unerkennung fir d'Vereenegung op der enger Säit an de Fräiwëllegen op der anerer.

D'Charta definéiert de Benevolat als e fräien an onentgeldlechen Engagement vu Persoune fir anerer oder fir d'Allgemengheet, deen an enger Struktur iwwer déi einfach Hëllefsbereetschaft eraus geet. De benevollen Engagement spillt eng wichteg Roll an der Zivilgesellschaft an ass komplementar zur bezuelter Aarbecht.

D'Grondprinzipie vum Benevolat sinn:

  • De Benevolat ass e fräiwëllege Choix aus eegenen a perséinleche Motivatiounen.
  • De Benevolat ass all Mënsch ouni Aschränkung zougänglech.
  • De Benevolat geschitt an enger eethescher an humanitärer Approche, am Respekt vun der mënschlecher Dignitéit, de Fräiheeten an der Gläichheet, wéi dem Prinzip vun der Net-Diskriminatioun.
  • De Benevolat reagéiert op déi gesellschaftlech Besoinen.
  • De Benevolat ënnerstëtzt d'Initiative, d'Kreativitéit, d'Responsabilitéit, d'Integratioun an déi sozial Participatioun.

All Vereenegung, déi dës Charta ënnerschreift, verflicht sech:

  • de legale Kader ze respektéieren,
  • seng Objektiver an Ziler, wéi seng Aarbechtsmodalitéiten transparent duer ze stellen,
  • eng verantwortlech an nohalteg Gestioun vun de Ressourcen an den Infrastrukturen z'assuréieren,
  • d'Zil vun der Vereenegung an den Zentrum vun den Aktivitéite ze stellen,
  • de Benevollen als e volle Mataarbechter unzegesinn, deen e wichtegen Acteur vun der Vereenegung ass,
  • d'Aufgaben an d'Verantwortunge vum Benevollen a Funktioun vu senge Fäegkeeten, sengen Disponibilitéiten a senger Motivatioun ze bestëmmen,
  • ze suergen, datt de Benevollen integréiert ass a säin Engagement am Laf vu senger Aktivitéit unerkannt bleift.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Offiziell Signature vun der Charta vum Benevolat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Policy Agenda for Volunteering in Europe Archivéiert op 2015-02-17. Gekuckt de(n) 2015-01-04.
  2. Lëscht vun den 245 éischte Vereeenegungen
  3. Lancement officiel de la Charte du Bénévolat de l'Association du Bénévolat Luxembourg a.s.b.l.
  4. D'Charta vum Benevolat fir erof ze lueden.