Chef de train

Vu Wikipedia
De Modell 2007 vun der Kontroller-Kap vun engem ter. Den "MZ"-Badge weist, datt déi Persoun zu Metz stationéiert ass.

De Chef de train ass déi Persoun, déi op der Eisebunn dës Missiounen z'erfëllen huet:

  • d'Opsiicht an d'Sécherheet an de Persounenzich,
  • d'Opsiicht an d'Sécherheet beim Depart vum Zuch,
  • d'Kontroll an de Verkaf vun den Zuchbilljeeën an den Zich,
  • den Déngscht um Client.

De Chef de train dréit eng Eisebunnsuniform. Hien ass vum Geriicht vereedegt a kann, als "agent de la police judiciaire" Prëtekolle verfaassen.

Am Volleksmond gëtt de Chef de train och dacks (fälschlecherweis) "Schaffner" oder "Kaartepëtzert" genannt. Bei der SNCF ass et den agent du service commercial trains a bei der DB heescht en Zugführer.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Zäit hunn d'Nimm vum Zuchpersonal zu Lëtzebuerg an der Legislatioun en ettlechmol changéiert a waren och ofhängeg vun der Eisebunnsgesellschaft. Hei drënner als Beispill d'Nimm wéi se 1921 vun den zwou Haaptgesellschafte praktizéiert goufen:[1]

Guillaume-Luxembourg: Prince Henri:
Hilfsschaffner Serre-frein
Schaffner Garde-frein examiné
Packmeister Garde-train
Oberpackmeister Chef de train
Zugführer Premier chef-garde
Zugrevisor  

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial N° 35 vun 1921, Säit 596