Chen Kuen Lee

Vu Wikipedia

De Chen Kuen Lee, gebuer den 23. Mee 1915 zu Zhejiang a gestuerwen de 14. September 2003 zu Berlin, war e chineeseschen Architekt, dee virun allem an Däitschland an an Taiwan aktiv war. Hie war Schüler a Mataarbechter vum Hans Scharoun. De Lee ass e Vertrieder vun der organescher Architektur an der Beweegung vum Neues Bauen.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Haus Ketterer (1955)
Haus Straub sr.(1956)
Haus Schmidt (1960)
Appartementhaus (1962)
Haus Audry zu Stengefort (1969)
Haus Straub jr. (1978)

Den Chen Kuen Lee ass 1931 an Däitschland gaangen, wou e vun 1931 bis 1937 op der Technische Hochschule Berlin Architektur studéiert huet. Niewelaanscht huet hien am Büreau vum Hans Poelzig geschafft. 1939 huet hie säin Diplom gemaach.

Vun 1939 bis 1941 war hie Mataarbechter vum Hans Scharoun a bis 1943 vum Hugo Häring. 1943 bis 1947 war e Mataarbechter vum Professer Ernst Boerschmann a vun dunn bis 1953 nees vum Hans Scharoun. Hien huet sech duerno selbstänneg gemaach an hat e Büro zu Berlin an zu Stuttgart. Vun 1981 un hat hien eng Gaaschtprofessur op der Tunghai-University an Taiwan. Bis 1988 huet hien do gelieft an op verschiddenen Universtiéiten enseignéiert.

1996 goung en hannescht an Däitschland, wou e bis zu sengem Doud gelieft huet.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Lee war op de Bau vu Wunnhaiser spezialiséiert; säin Uleies war, dës an hir spezifesch Ëmgéigend z'integréieren, d'Bannen an d'Baussen an Harmonie mateneen ze bréngen an aneneen iwwergoen ze loossen. Hien huet dofir dacks bei sengen Entwërf mat Gaardenarchitekten zesummegeschafft. D'Raim an den Haiser gi meeschtens anenaner iwwer, an de Lee huet alt d'spezifesch Ariichtung, d'Beliichttung, d'Miwwelen asw. mat entworf. Seng Haiser hunn och dacks besonnesch statesch a konstruktiv Léisungen erfuerdert.

De Lee huet am Ganzen 63 Gebaier realiséiert, an et gëtt eng weider 40 Pläng, déi net ëmgesat goufen. Nieft Wunngebaier huet hien och e puer Industriebauten entworf, sou wéi och d'Bannenariichtung vu chineesesche Restauranten zu Berlin, Karlsruhe, Stuttgart a München.

Audry-Haus[änneren | Quelltext änneren]

Ënner sengen Haiser ass och eent zu Lëtzebuerg, d'Audry-Haus zu Stengefort. Dëst gouf 2010 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.

An d'Diskussioun koum d'Haus, wéi um Terrain niewendrun e klenge Bësch ofgeseet gouf, fir duer eng Industriehal hinzebauen. Doduerch war d'Harmonie vun Haus a Landschaft zerstéiert ginn.[1]

Gebaier (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Lee, Chen Kuen: gestern – heute – morgen (Kommentar zur Eröffnung neuer Ausstellungsräume der Behr Möbel GmbH). In: bauwelt (22/1958, S. 514).
  • Lee, Chen Kuen: Antworten In: bauwelt (Heft 47/48/1971: S. 1916 + 1918, Berlin).
  • Lee, Chen Kuen: Gegensatz und Ergänzung zwischen Bauwerk und Landschaft – eine Betrachtung anhand der Schriften von Hugo Häring, ausgehend von der Zusammenarbeit mit Schülern Karl Försters In: Jacobshaagen, Axel; Sommer-Kempf, Karin (Hrsg.): Beiträge zur Problematik der Beziehungen zwischen Freiraum und Bauwerk (Festschrift Herta Hammerbacher, Berlin 1975, S. 226-247).
  • Lee, Chen-Kuan: xin jian zhu zhi yi yi (Bedeutung des Neuen Bauens). Taipei 1993.
  • Lee, Chen-Kuan: xin jian zhu zhi yan jien (Entwicklung des Neuen Bauens. Taipei 1996.
  • Lee, Chen-Kuan: xin jian zhu yu da zhueng wen hua (Neues Bauen und Massenkultur). unveröffentlicht; Taipei 1999.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Chelazzi, Giuliano: Equilibrio espressionista tra i tempi e gli spazi nell'opera déi Chen Kuen Lee. In: L'architettura, cronache e storia (1/1985, S. 24-38).
  • Häring, Hugo: Gespräch mit Chen Kuan Li über einige Dachprofile. In: Lauterbach, Heinrich; Joedicke, Jürgen: Hugo Häring – Schriften, Entwürfe, Bauten (Stuttgart 1965, S. 60-63).
  • Koch, Michael: Chen Kuen Lee – Bauen als Lebensphilosophie (Begleitheft zur Ausstellung in der Architekturgalerie am Weißenhof vom 6. Februar bis 17. März 1985). Selbstverlag, Stuttgart.
  • Kögel, Eduard: Die Wohnlandschaften von Chen Kuen Lee. Ein Nachruf. In: archplus (2004, Heft 168, S. 20-21).
  • Schirren, Matthias: Chen Kuen Lee 1915 – 2003 (Nachruf). In: bauwelt (Heft 37/2003, S. 4, Berlin)
  • Thiele, Klaus-Jakob: Bauen – eine Auslegung des Lebens. In: bauwelt (Heft 50/1963, S. 1487-1495, Berlin).
  • Maier, Otto: Nach-Ruf auf Chen Kuen Lee zu Lebzeiten. In: bauwelt, Heft 40/1988, S. 1715
  • Wang, Wen-chi: Lee Chen-kuan (1914-2003) und der chinesische Werkbund – Gemeinsame interkulturelle Geistesentwicklung mit Hugo Häring und Hans Scharoun (Promotion an der TU Berlin, 2009).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Josée Hansen: "James Bond à Steinfort.". d'Lëtzebuerger Land Nr. 41/2012, 12.10.201, S.20.