Chenin blanc

Vu Wikipedia
Drauf vum Chenin blanc

De Chenin blanc ass eng wäiss Riefzort déi Wäiner vun enger mëttelméisseger awer garantéierter Qualitéit bréngt. Et ass eng Rief déi spéit zéideg gëtt a bis an de November era gelies ka ginn. D'Wäiner hunn dann en héijen Zockergehalt, deen nach duerch d'Pourriture noble verstäerkt gëtt.

A Frankräich sinn d'Haaptubaugebidder an der Loire an am Dall vum Layon am Anjou, wou se meeschtens spéit gelies ginn. An der Loire fënnt een dovu Wäiner déi sech laang versuerge loossen. Grouss Loire-Wäiner op Basis vum Chenin blanc sinn de Vouvray an de Bonnezeaux. D'Chenin-Wäiner sinn ëmmer eng Erausfuerderung fir de Konsument. Wann een net gutt an de Joergäng bewandert ass, weess en ni op een op e mëllen oder bal dréchene Wäi fält. Net vill wäiss Wäiner hale sech sou gutt, wéi déi vum Chenin aus de grousse Joergäng.

Ausser a Frankräich gëtt de Chenin blanc nach a Südafrika an a Kalifornien ugebaut, wou een hallef-dréche Wäiner ouni besonnesch Qualitéiten dovu kritt.