Chet Baker

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Chet-Baker-Gedenktafel zu Amsterdam

Den Chet Baker, gebuer als Chesney Henry Baker Jr. den 23. Dezember 1929 zu Yale am Oklahoma, a gestuerwen den 13. Mee 1988 zu Amsterdam, war en US-amerikaneschen Jazzmuseker (Trompettist, Bügelhornspiller, Sänger a Komponist).

Am Alter vun 10 Joer krut e vun sengem Papp, deen e grousse Bewonnerer vum Jack Teagarden war, eng Trombone. De jonken Chet, begeeschtert vum Harry James, tauscht se an géint eng Trompett. Fir d'éischt spillt hien am Schoulorchester, dann bei oppenen Danzconcerten. 1946 melt en sech an d'Arméi an e flitt mat der 298ster Army Band op Berlin. 1948 gëtt en ausgemustert an hie studéiert Harmonie; owes spillt en a Nightclubs. Eng entäuschte Léift féiert de Baker 1950 erëm an d'Arméi. Ee Joer drop gëtt hien op Arizona stroofversat, an duerno aus "psychiatresche" Grënn an d'Zivilliewen zeréckgestallt. 1952 ass hien zu Los Angeles a spillt no an no mat villen Jazzgréissten: mat dem Stan Getz, dem Charlie Parker, dann am Quartett vum Gerry Mulligan. Am Fréijoer 1953 geet hie beim Mulligan fort an e grënnt e Quartett. Op villen Plakken vun där Grupp ass de Baker als Sänger ze héieren. Am Hierscht 1955 ass hien mat sengem eegene Quartett oder Quintett emmer méi dacks op europäesche Bühnen ze fannen.

Den Chet Baker am Joer 1983

1959 gëtt de Baker an Harlem wéinst Drogen festgeholl an an de Rikers Island Prisong gestach. De Bil Grauer vun der Plakke-Firma Riverside bezillt d'Kautioun an esou fanne mer den Chet Baker vu 1959 bis 1964 an Europa erëm. Zu Paräis kritt hie seng Trompett geklaut; esou kënnt en zum Bügelhorn. 1964 gëtt e fir d'zweete Kéier an Däitschland wéinst Drogenaffären verhaft an dann iwwer d'Grenz gesat.

Bis 1968 schléit hie sech zu Los Angeles méi schlecht ewéi recht duerch; hie wëllt, mat Hëllef vu Methadon, vum Heroin ewegkommen. Zu San Francisco gëtt hie vun Dealere geschloen; hie kritt dat ennescht Gebéck gebrach an hie verléiert dobäi e puer Zänn. Dräi Joer laang schafft en all Dag 16 Stonnen op enger Bensinspompel. Hie léiert lues a lues erëm Bügelhorn. Den Dizzy Gillespie hëlleft him hannescht op d'Bühn.

Fir laanscht d'Drogen ze kommen, reest en erëm an Europa. Da kommen e puer Joer mat vill Hin an Hir, villen Musekpartner a ganz villen Plakkenopnamen.

Den 13. Mee 1988 fält den Chet Baker aus net geklärte Grënn (d'Zeitunge schreiwe vun Drogendealer) zu Amsterdam aus der Fënster vun engem Hotel. Hien ass direkt doud.

Den Chet Baker staamt musikalesch vum Miles Davis of. Seelen huet en Trompettist d'Gefill vum Allengsinn an der Trauer esou ergräifend mat engem Blosinstrument ausgedréckt.

[änneren] Dokumentarfilm

  • Let's Get Lost (1988), Regie Bruce Weber: Interviewë mam Chet Baker, Membere vu senger Famill an Jazzmuseker.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Chet Baker – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen