Chibinen

Vu Wikipedia
D'Chibine-Biergmassiv

D'Chibinen si bal kreesronn Bierger an e Wantersportgebitt vun ongeféier 45 km Duerchmiesser op der Hallefinsel Kola a Russland.

D'Bierger hunn eng Héicht vu maximal 1.191 m. Wéinst der nërdlecher Lag ass d'Bamgrenz hei scho bei 400 m. Doriwwer kënnt nach d'Tundra an nach méi héich schliisslech eng polar Steewüst, déi een als Fraschtschuttwüst bezeechent.

D'Chibine si bekannt fir hir bal komplett onberéiert Natur, z. B. um Umbosero (e Séi vun der Fläch vum Bodensee ouni stänneg Siidlungen u sengen Uferen). Um Südrand vun de Chibine läit d'Biergbaustad Kirowsk (net ze verwiessele mat Kirow). Hei gëtt Apatit fir d'Düngemëttelproduktioun ofgebaut. Hei a bei de verschiddene Séie fënnt een eng gutt Infrastruktur fir Camper. D'Stad Apatity (an der Noperschaft vu Kirowsk) läit un der Eisebunnslinn vu Sankt Péitersbuerg op Murmansk, ongeféier 160 km südlech vun der Hafestad.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Khibiny Massif – Biller, Videoen oder Audiodateien