Chimène Badi

Vu Wikipedia
Chimène Badi
Gebuer 30. Oktober 1982
Melun
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sänger

D'Chimène Badi ass eng franséisch Sängerin, déi den 30. Oktober 1982 zu Melun gebuer ass.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Chimène Badi ass als Kand vun algerianeschen Eltere zu Melun a Frankräich gebuer. Hire Papp kënnt vu Constantine, hir Mamm aus der Kabylei.[1] Si huet e Brudder, Karim, an eng Schwëster, Déborah. Dräi Joer no hirer Gebuert sinn hir Elteren op Villeneuve-sur-Lot geplënnert.

Zanter si kleng war, wollt d'Chimène Badi Sängerin ginn. Si huet e Brevet d'études professionnelles an engem Beruffslycée gemaach a sech duerno an e Baccalauréat professionnel agroalimentaire ageschriwwen, fir Hygiènesinspekter an der Restauratioun ze ginn. Mä well hir dat net gefall huet, huet si hire Studium ofgebrach fir sech dem Sangen ze widmen.[2]

Kuerz drop huet si un engem Casting vun der franséischer Editioun vun der Sendung Popstars Deel geholl. Do ass si zwar kee Member vun der Gewënnergrupp ginn, mä krut trotzdeem e Plackekontrakt ugebueden. Hiren éischten Album, Entre nous, gouf an enger Woch am Québec an zu Toulouse opgeholl an ass ee vun den erfollegräichsten Albume vum Joer ginn. D'Single mam selwechten Numm ass direkt an d'Top 10 vun de franséischen Charts geklommen a konnt sech do 16 Woche laang halen, dovun zwou op der Nummer Eent. Am Juni ass si op der Fête de la musique op de Champs-Élysées virun 100.000 Leit opgetrueden.

2004 war si als Révélation francophone de l'année beim renomméierte Musekspräis Victoires de la musique nominéiert an huet d'Titellidd Le jour d'après vum Film The Day After Tomorrow gesongen. Och hiren zweeten Album Dis-moi que tu m'aimes gouf e groussen Erfollëg an huet sech ronn eng Milloun Mol verkaaft. D'Lidd Je viens du sud, eng Reprise vum Michel Sardou, huet déi 2. Plaz vun de franséische Singlecharts erreecht.

No enger Concertsrei an dem Livealbum Live a l'Olympia huet si 2006 hiren drëtten Album Le miroir op der Maart bruecht. D'Verkeef vun hirem véierten Album Laisse les dire (2010) waren zwar manner impressionnant wéi déi vun deene virdrun, mä hunn trotz allem nach 100.000 verkaaften Eenheeten erreecht.

Um Disk Gospel & Soul huet si Coverversioune vun amerikaneschen a franséische Standarden opgeholl. Op der Re-Editioun huet si en Duett mam Lionel Richie gesongen an am Oktober 2012 war si eng vun de Kandidatinnen an der Sendung Danse avec les stars. D'Joer drop hat si Problemer mat hirer Stëmm an huet hir Tournee mussen ofbriechen, well si net méi sangen dierft. Fir de belsche Fernseesender RTBF war si an der Jury vun der véiert Staffel vun der Castingshow The Voice Belgique (2014). Eréischt 2015 huet si hiren nächsten Album Au-delà des maux verëffentlecht, mat der éischter Single Elle danse.[3] Déi zwee haten awer bedeitend manner Succès wéi déi fréier Wierker vun der Sängerin.

Vun Abrëll bis Juni 2016 huet d'Chimène Badi 35-mol d'Roll vun der Grizabella an der franséischer Versioun vum Musical "Cats" gespillt.[4] Am November huet si mam Julie Zenatti d'Lidd Zina (ici ou là-bas) opgeholl, eng franséischsproocheg Adaptatioun vum Lidd mam selwechten Numm vun der algeerescher Grupp Babylone. 2018 an 2019 sinn déi zwou Sängerinnen och gemeinsam op Tournée gaangen.

Mam Lidd Là-haut huet d'Chimène Badi un der franséischer Preselektioun vum Eurovision Song Contest 2019 deelgeholl a koum op déi véiert Plaz. Am selwëschte Joer juet si och hire siwente Studiosalbum Chimène verëffentlecht.

D'Chimène Badi hëlt reegelméisseg un de Concerte vu Les Enfoirés Deel.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Chimène Badi bei engem Concert (2016)

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Album Klassement Verkeef
FR
[5]
BE
1[6]
CH
[7]
2003 Entre nous 4 35 10 980 000
2004 Dis-moi que tu m'aimes 1 2 35 1 400 000
2006 Live à l'Olympia 2 3 30 180 000
Le miroir 3 8 34 330 000
2010 Laisse-les dire 4 3 34 110 000
2011 Gospel & Soul 7 4 42 210 000
2015 Au-delà des maux 6 10 61 +20 000[8]
2019 Chimène 25 14 50

1 Klassement an der franséischsproocheger Belsch

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Single Klassement Album
FR
[9]
BE
1[10]
CH
[11]
2003 Entre nous 1 4 5 Entre nous
Je vais te chercher 16 36 43
Si j'avais su t'aimer 21 69
2004 Le jour d'après 7 6 24 Dis-moi que tu m'aimes
Je ne sais pas son nom 12 13
2005 Je viens du sud 2 2 27
Retomber amoureux 11 8 38
Dis-moi que tu m'aimes 23 30 50
2006 Tellement Beau 15 15 Le Miroir
2010 Laisse-les dire Laisse-les dire
En équilibre
Plus de devoirs que de droits
D'une fille à sa mère
2011 Parlez-moi de lui 85 42 Gospel & Soul
Ain't No Mountain High Enough (mam Billy Paul)
2012 Ma liberté 168
2015 Elle vit
2015 De quoi on se souvient
2016 Zina (ici ou là-bas) (mam Julie Zenatti) 150
2018 Là-haut
"—" steet fir Lidder, déi sech an deem Land net klasséiert hunn oder do net verëffentlecht goufen

1 Klassement an der franséischsproocheger Belsch

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chimène Badi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Interview op evasionmag.com (gekuckt de 15. Januar 2013)
  2. Biographie op ados.fr (gekuckt de 15. Januar 2013)
  3. RFI: Chimène Badi, à bras-le-corps (10. September 2015)
  4. Le Figaro: Chimène Badi rejoint la troupe de Cats au théâtre Mogador (25. Februar 2016)
  5. Franséischt Klassement (Albumen) op lescharts.com
  6. Belscht Klassement (Albumen) op ultratop.be
  7. Schwäizer Klassement (Albumen) op hitparade.ch
  8. melody.tv: Quels sont les tops et les flops musicaux de l'année 2015 ? (13. Januar 2016)
  9. Franséischt Klassement (Singelen) op lescharts.com
  10. Belscht Klassement (Singelen) op ultratop.be
  11. Schwäizer Klassement (Singelen) op hitparade.ch