Chimborazo

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bierg Chimborazo. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Chimborazo (Homonymie).
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 01° 28’ 09’’ S 78° 49’ 03’’ W
De Chimborazo moies fréi

Den Chimborazo ass en inaktive Vulkan an der Cordillera Occidental vun den Anden, am Ecuador. Mat enger Héicht vu 6.267 Meter iwwer dem Mieresspigel ass et deen héchste Bierg am Ecuador.

E läit an der Provënz mam nämmlechten Numm. Ausserdeem ass en Deel vum Naturreservat „Reserva de Produccion Faunistica Chimborazo“, enger Schutzzon fir d'Kamelidenaarten, déi an den Anden liewen, wéi de Vicuña, d'Lama an d'Alpaca.

Gletscher[änneren | Quelltext änneren]

Den ieweschten Deel vum Bierg, vun enger Héicht vu 5100 m aus un, ass vergletschert. D'Gletscher vum Chimborazo sinn d'Waasserquelle vu groussen Deeler vun de Provënze Bolivar a Chimborazo. An deene leschten Dekaden hunn d'Gletscher wéinst der globaler Äerderwäermung, Äschen aus dem Tungurahua-Vulkan an dem El Niño-Phenomen signifikant u Mass verluer.

Vulkanismus[änneren | Quelltext änneren]

De Vulkan ass fir d'lescht viru ronn 1500 Joer ausgebrach.

Numm a mythologesch Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Chimborazo kënnt vum Cayapa-Wuert fir Fra – Schingbu – an dem Kichwa-Wuert fir Äis/Schnéi – Razo – hierkommen, wat deemno "äiseg Fra" kéint bedeiten oder awer vu Chimbo fir äisegen Troun vu Gott an dem Quichuawuert urku – Bierg – deemno Bierg-Äis.

Am lokalen indigene Mystizismus z. B. vun de Puruhá ass den Chimborazo en hellege Bierg. Den Taita Chimborazo (Taita = Papp) representéiert als Mann vun der Mama Tungurahua de Patriarch vun de Puruhá.

Gallerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chimborazo – Biller, Videoen oder Audiodateien