Volleksrepublik China

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) China)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ČLR-pahýl.png Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
中华人民共和国
Zhōnghuá Rénmín Gònghéguó
Flag of the People's Republic of China.svg [[Image:|125px]]
(Detailer) (Detailer)
National Devise: keng
LocationPRChina.png
Offiziell Sprooch: Mandarin
Haaptstad:
 Awunnerzuel:
Peking
 14.933.274 (2005)
President: Hu Jintao
Chef vun der Regierung: Wen Jiabao
Fläch: 9.572.900 km²
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Bevëlkerungsdicht:
Op 1. Plaz
1.306.313.812 (Juli 2005)
136,5/km²
Onofhängegkeet: 1. Oktober 1949 (Staatsgrënnung)
Nationalfeierdag: 1. Oktober
Währung: Renminbi
Zäitzon: UTC+8
Nationalhymn: Marsch vun de Fräiwëllegen
Internet TLD: .cn
International Virwal: 86
Kaart vu China

D'Volleksrepublik China ass ee Land an Asien, wat dofir bekannt ass, datt et am Moment déi gréissten Awunnerzuel vun der Welt huet. D'Haaptstaadt, Peking (Beijing), läit no un der Ostküst vu China. Déi ëstlich Regioune vum Land gëllen als "special economic zones", wou d'Maartwirtschaft erlaabt a gefërdert ass. Ee ganz groussen Deel vum Land funktionnéiert awer nach nom ale System: Eng Aart kommunistesch Diktatur wou (bal) alles dem Staat gehéiert.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

Haaptartikel: Geschicht vu China

Wéi den Zweete Weltkrich eriwwer war, ass och de chinesesche Biergerkrich tëschent der Kommunistescher Partei vu China an dem Kuomitang sengem Enn entgéint gaangen. Dat war duerop ze féieren, datt d'Kommunisten dunn dat ganzt Festland kontrolléiert hunn an datt de Kuomingtan zu Taiwan, wuer e virdru geflücht war, Här a Meeschter ginn ass. Den 1. Oktober 1949 huet dunn de Mao Zedong d'Volleksrepublik China proklaméiert an e kommunistesche Staat gegrënnt. D'chinesesch Onofhängegkeet war domat rëm hiergestallt mee vill Milliounen Mënschen sinn duerch déi Evenementer ëmkom, wéi zum Beispill beim grousse Spronk no vir oder spéider bei der Kulturrevolutioun. Nom Doud vum Mao huet den Deng Xiaoping, dee méi pragmatedsch virgaangen ass, d'Heft an d'Hand geholl. D'Kommunistesch Partei ass zwar um Rudder bliwwen, mä d'Kontroll iwwert dat perséinlecht Liewen vun de Leit gouf manner staark. Um politesche Plang huet dat sech manner bemierkbar gemaach, iewer d'Zentralverwaltungswirtschaft gouf Schratt fir Schratt méi labber, an de Wee no enger sozialistescher Maartwirtschaft gesicht. Dat verhënnert net, dat d'Nopere vu China an och déi westlech demokratesch Länner China weiderhin als autoritär Diktatur ugesinn.

[änneren] Geographie

[änneren] Klima

[änneren] Bevëlkerung

Chinesesch Kanner

No der der Grënnung vun der Volleksrepublik, am Joer 1949, hunn a China méi oder wéineger 540 Millioune Mënsche gelieft. An den 1950er Joren ass hir Zuel, trotz niddreger Liewenserwaardung, staark gewuess. Eréischt vum Enn vun de fofzeger Joren un, huet d'Opfaassung sech duerchgesat, déi Entwécklung misst gebremst ginn. Vun do un ass lues a lues, ouni ze zécken, op Methode vun der Gebuertekontroll zréckgegraff ginn.

No der Kulturrevolution goufen d'Mesuren am Intressi vun der Gebuertekontroll zousätzlech verstäerkt, an zwar am Intressi vun enger positiver Wirtschaftsentwécklung, déi, no chineesescher Meenung, duerch eent ze séiert Wuesse vun der Populatioun a Fro gestallt gëtt.

Hei drënner ass en Tableau mat der Entwécklung vun der chinesescher Bevëlkerung vun 1950 bis 2050. D'Zuele vun 2010 bis 2050 si geschat [1] :

Joer        Awunner
1950 556.613.000
1955 614.479.000
1960 682.024.000
1965 754.452.000
1970 825.812.000
1975 908.266.000
1980 981.200.000
1985 1.051.438.000
1990 1.133.682.500
Joer         Awunner
1995 1.200.241.000
2000 1.265.830.000
2005 1.301.518.000
2010 1.347.514.000
2015 1.392.234.000
2020 1.434.383.000
2025 1.471.282.000
2030 1.500.611.000
2050 1.322.435.000

[änneren] Gréisser Stied

Kuckt och: Lëscht vun de chinesesche Groussstied.

[änneren] Uertschaften an Plazen, wou den Tourismus bléit

[änneren] Kultur

[änneren] Musek

Eng farweprächteg Pekingoper
  • Déi chineesesch Musek ass staark gefillsbetount. An der traditioneller chineesescher Musek ginn et e puer Instrumenten, déi dacks am Solo-Modus benotzt ginn. Dozou gehéieren d'Bambus-Flütt Dizi, d'Qin, déi enger Zitter gläicht an d'Erhu, e Sträichinstrument. Vill gëtt och op der Pipa, een anert Soloinstrument, gespillt. Zu dësem Grupp zielt och d'Suona, déi duerch hiren haarden Toun opfält an déi besonnesch um Land gespillt gëtt.
  • Eng eegenarteg musikalesch Opféierung ass déi bekannt Pekingoper. Et ass eng Mëschung vu Gesank, Danz, Spill an Kamphandlungen an och mat staark betounte pantomimeschen Elementer duerchsat. D'Bühnenaustattung ass spärlech, mee d'Acteuren presentéiere sech a faarweprächtege Kleeder.
  • Lauschtert en Audioclip mat chinesescher Musek

[änneren] Relioun

China: De Buddha, gutt bewaacht

Daoisten (Taoisten), Buddhisten, Moslemen 1-2 %, Chrëschten 3-4 % (Schätzung:2002); Bemierkung: Offiziell ginn d'Chineesen als Atheisten bezeechent.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: China – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

  1. Dës Donnéeë baséieren op folgender Quell: [1]

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen