Clovis I.

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Chlodwig I.)
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Clovis I. - Chlodwig I.
Titelen
Virgänger /
Nofollger Clodomir (Orléans)
Thierry I. (Metz)
Childebert I. (Paräis)
Clotaire I. (Neustrien)
Biographie
Gebuer 466
onbekannt
Gestuerwen 27. November 511 jul.
Paräis
Papp Childéric I.
Mamm ?
Kanner Thierry I., Clodomir, Childebert I., Clotaire I.

De Clovis I., och Chlodwig I., gebuer ëm 466 a gestuerwen de 27. November 511 bei Paräis, war e Member vun der Merowengerdynastie deen déi verschidde kleng fränkesch Räicher zu engem grousse Frankeräich vereenegt huet, an dat Räich zu engem éischten Héichpunkt bruecht huet. Hien huet vun 481 bis 511 regéiert.

Wuel am Joer 486 huet en de Syagrius, de leschte gallo-réimeschen Arméischef a Gallien, ënnerworf an deem säi "Räich" annektéiert. Net laang duerno huet de Chlodwig säin Haaptsëtz vun Tournai op Paräis transferéiert. Soulaang d'Réimer a Gallien d'Soen haten, war am Fong Lyon Haaptstad gewiescht. [Haut nach gëtt Lyon als Capitale des Gaules bezeechent; an do residéiert de Primas vun der franséischer Kierch] [Source?].

492 huet e sech mat der kathoulescher burgundescher Prinzessin Chrodechild (fr. = Clotilde) bestuet. Dëst Bestietnes huet d'Burgunderräich méi no un d'Frankeräich bruecht, huet awer och dem Chlodwig seng spéider Bekéierung ugekënnegt.

496 huet de Chlodwig d'Alamannen eng éischt Kéier an der Schluecht vun Zülpich geklappt, a 506 eng zweet an definitiv Kéier. D'Alamanneräich gouf dunn och vum Frankeräich annektéiert.

Tëscht 497 a 507 - jee no Historiker - huet de Chlodwig sech am réimesch-kathoulesche Glawe vum Bëschof Remi vu Reims deefe gelooss. Mat an no him hu sech Honnerte vu senge Leit och deefe gelooss, an dat huet d'Zesummewuesse vun der dënner fränkescher Uewerschicht mat der majoritärer gallo-réimescher Bevëlkerung definitiv begënschtegt. Um politesche Plang huet dem Chlodwig seng Bekéierung d'Zesummenaarbecht tëscht der réimescher Kierch an dem Frankeräich dauerhaft begrënnt. Deemools waren nämlech déi meescht germanesch Herrscher, souwäit se iwwerhaapt chrëschtlech waren, Unhänger vum Priister Arius senger Léier, déi vum Bëschof vu Roum als Heresie betruecht gouf. De Poopst stoung deemno zimmlech eleng do an huet dréngend Ënnerstëtzung gebraucht, net nëmme géint verschidde (meeschtens arianistesch) germanesch Stämm an Italien, mee och géint verschidde grouss Patrizierfamilie vu Roum, déi seng Herrschaft a Fro gestallt hunn, an zemools géint de Patriarch vu Konstantinopel, deen nach ëmmer ee Keeser iwwer sech hat an de Bëschof vu Roum wollt ënnerwerfen a kontrolléieren; de Chlodwig, sengersäits, deen iwwer ëmmer méi grouss fréier gallo-réimesch Gebidder geherrscht huet, huet de Poopst als Stäip gebraucht, fir vun de Gallo-Réimer besser acceptéiert ze ginn an och fir ëmmer méi op d'Bëscheef a sengem Räich als Beroder kënnen ze zielen. D'Frankeräich huet ugefaangen, a Westeuropa virzeherrschen, an de Katholizismus huet sech no an no géint déi aner chrëschtlech Glawensformen duerchgesat. D'Allianz "tëscht Troun an Altor" huet awer nach Joerhonnerte gedauert.

507 huet de Chlodwig, no senger Victoire an der Schluecht vu Vouillé, och nach d'Räich vun de Westgoten am Südweste vu Gallien un d'Frankeräich ugeschloss. Dat zukünftegt Frankräich, den Hexagone, war domat praktesch Realitéit ginn.

De Clovis I. gouf an der Apostelkierch vun der deemoleger Abtei Sainte-Geneviève bäigesat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (ënner der Leedung vum Jean Favier), Histoire de France a sechs Bänn; Paräis (Fayard); vgl. den 1. Band, vum Karl Ferdinand Werner: Les origines - Avant l'an mil; 1984.
  • Karl Ferdinand Werner, Die Ursprünge Frankreichs bis zum Jahr 1000; dtv wissenschaft, 1995.
  • Eugen Ewig, Spätantikes und fränkisches Gallien, an 2 Bänn; München (Artemis), 1976 & 1979.
  • Godefroid Kurth, Clovis; Tours, 1896 (1. Oplo); ee Klassiker, deen ëmmer nees opgeluecht gëtt: Paräis, 1901; Bréissel, 1923; Paräis, 1978...
  • Michèle Laforest, Clovis, un roi de légende; Paräis (Albin Michel), 1996.
  • Renée Mussot-Goulard, Le baptême qui a fait la France; Paräis (Perrin), 1996.
  • Joël Schmidt, Le baptême de la France; Paräis (Seuil), 1996.
  • Michel Rouche, Clovis; Paräis (Fayard), 1996.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Clovis I – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
-
Kinnek vum Frankeräich
481-511
Nofollger:
Clodomir, Thierry I.,
Childebert I., Clotaire I.