Cholet
| Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Cholet | ||||
| Kanton | Cholet-1 Cholet-2 Cholet-3 |
||||
| Code Insee | 49099 | ||||
| Postcode | 49300 | ||||
| Koordinaten | 47° 03' 36" N 00° 52' 42" W |
||||
| Fläch Uertschaft | 8 747 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 54 000 (2008) | ||||
Cholet ass eng franséisch Stad an Ënnerprefecture am Departement Maine-et-Loire, an de Pays de la Loire. Et ass och den Haaptuert vun dräi Kantonen, an de Sëtz vun der Chambre de commerce et d'industrie du Choletais.
D'Awunner vu Cholet gi Choletains genannt.
Cholet läit op enger Héicht vun 124 Meter, am Pays des Mauges, am Dall vum Floss Moine, an op der Grenz mat den Departementer Loire-Atlantique, Deux-Sèvres a Vendée.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
- Stengen Zeie wéi de Menhir vu Saint-Macaire-en-Mauges, weisen op eng fréi Besiidlung an der Géigend vu Cholet hin.
- Am 10. Joerhonnert gouf Cholet vum Foulque Nerra Grof vun Anjou eruewert.
- 1343 gëtt d'Stad duerch eng Ordonanz vum Philippe VI. e Monopol vum Staat. an d'Gabelle gouf agefouert. Cholet krut deemools e Spezialgeriicht, Grenier à sel genannt. Dovunner goufen et der am ganze 16 am Anjou, deen zu de Pays de grande gabelle gehéiert huet.
- 1793 gouf de Marquisat de Cholet vum Gabriel-François de Rougé kaaft, deen d'Infrastruktur vun der Stad op eege Käschte verbessert, e groussen Deel vun der Stad ëmbaut, an den Handel duerch regelméisseg grouss Mäert fërdert. Doduercher gouf Cholet eng fir déi Zäit modern Stad. à des foires régulières. Cholet devint ainsi une ville moderne pour l'époque, et un centre économique actif. D'Place Rougé am Zentrum vun der Stad, erënnert un hien.
- Ënner dem Ancien Régime hat d'Stad eng grouss Entwécklung duerch d'Textilindustrie. Wiewereien, Spënnereien, a Wäschereien, hunn déi Zäit d'Stadbild markéiert. Wéi um Enn vum 19.Joerhonnert duerch d'Mechanisatioun vun de Wiewereien, Aarbechtplaze verschwonne sinn, huet de Schongsecteur d'Chômeuren déi aus der Textilbranche koume, weider beschäftegt.
Economie [änneren]
Mat dem gréissten economesche Facteur, der Textilindustrie, ass et an den 1950er Jore, lues awer sécher biergaf gaangen. Et hu sech awer aner Industrien, wéi z.B de Pneuëproduzent Michelin do installéiert.
Aus der Stad déi sech am kommerzielle Secteur vergréissert huet, besonnesch duerch d'Implatatioun vun aneren Industrieë, wéi Bébé Confort, Nicoll, L'Abeille, Thales, Charal a Jeanneau, ass zesumme mat engem grousse Geschäftszenter mat Wierksgeschäfter, op der Nopeschgemeng La Séguiniére, eng grouss Beschäftegungszon enstanen. Den Uschloss un d'A87 huet doderzou och bäigedroen.
Verwaltung [änneren]
1973 huet Cholet mat der Nopeschgemeng Le Puy-Saint-Bonnet déi bis dunn am Departement Deux-Sèvres war, fusionnéiert. Dat huet mat sech bruecht dat d'Departementsgrenze g'ännert hunn. Le Puy-Saint Bonnet dat haut ronn 1800 Awunner huet, krut de Statut vun enger Commune associée.
D'Gemeng ass Member an der interkommunaler Struktur Communauté d'agglomération du Choletais
Jumelagen a Partnerschaften [änneren]
- Zënter 1985: Oldenburg
Däitschland - Zënter 2000: Dorohoï
Rumänien; Partnerschaft - Zënter 1996: Dénia
Spuenien - Zënter 1999: Solihull
Groussbritannien - Zënter 1999: Sao
Burkina Faso - Zënter 2004: Araya
Libanon - Mat der kanadescher Grofschaft Le Bas-Richelieu am Québec, duerch de Jumelage vun der Interkomunalitéit.
Tranport a Verkéier [änneren]
Stroossen
Cholet huet Uschloss un de Verkéier duerch folgend Stroossen:
- D'Autobunn A87 déi vun Angers op La Roche sur Yon féiert.
- D'Nationalstrooss RN249, déi Nantes mat Poitiers verbënnt, a fir déi Projet besteet datt de soll als Autobunn ausgebaut ginn.
- D'Departementalen D20, D13, D752, D160, D753 an D960.
Fluchverkéier
- De klenge Fuchhafe vu Cholet huet den IATA-Code CET
Eisebunn
- D'Gare vu Cholet op der Linn Clisson-Cholet
Kuckt och [änneren]
- Departement Maine-et-Loire
- Arrondissementer am Departement Maine-et-Loire
- Kantonen am Departement Maine-et-Loire
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Maine-et-Loire
| Commons: Cholet – Biller, Videoen oder Audiodateien |