Chondrit
Chondrite forme mat engem Undeel vu ronn 86 Prozent déi gréisst Klass vun de Meteoriten. Hiren Numm kënnt vu klengen ageschlossene Silikatkugelen hier, de sougenannte Chondren, déi an eng rengkäreg Grondmass agebett sinn. Déi mineralogesch Zesummesetzung vun de Chondrite gëtt vu Mineralen Olivin, Pyroxen a Plagioklas dominéiert. Si enthalen awer och (mat wéinegen Ausnamen bei de kuelege Chondriten) ëmmer metallescht Néckeleisen (kuckt Bild Chondrit Holbrook) an Eisesulfid (Troilit).
Chondrite kënnen als kosmescht Sedimentsgesteng opgefaasst ginn. Dacks gi si och ondifferenzéiert Meteorite genannt, well hir chemesch Zesummesetzung, mat Ausnam vu gasfërmegen Elementer wéi Natrium a Kalium oder den Edelgasen, der Zesummesetzung vun der Photosphär eiser Sonn, an domat där vum ufängleche solaren Niwwel, entsprécht. Altersbestëmmungen duerch Miessungen vu radioaktiven Isotopen hunn erginn, datt Chondriten schonns an der Fréizäit vum Sonnesystem virun 4,5 Milliarde Joer entstane sinn.[1]
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
De Chondritefall vu Lucé a Frankräich 1768 gouf vum franséische Chemiker Antoine Laurent de Lavoisier ënnersicht. Deemols gouf allerdéngs d'Existenz vu Meteoriten net allgemeng unerkannt, an de Lavoisier erkläert de Stee fir eng Aart Eisekisel. Déi opfälleg Chondren, déi an de Steng vun de verschiddene Plazen fonnt goufen, hunn awer schliisslech dozou gefouert, datt hir ausserierdesch Ofstaamung unerkannt gouf. De bekannte franséische Chemiker Louis Pasteur hat am Joer 1864 och e Meteorit ënnersicht, deen hien de kuelege Chondriten zougerechent huet.
Klassifikatioun [änneren]
Chondrite kënnen nach an Ënnerklassen agedeelt ginn. No Heefegkeet un éischter Plaz stinn déi gewéinlech Chondriten. Déi kueleg Chondrite ginn esou genannt, well si grouss Deeler Kuelestoff (och als organesch Verbindungen) enthalen. Hir Brochfläch gesäit dofir méi oder wéineger kuelschwaarz aus. Niewent Chondren sinn an hirer rengkäreger Matrix och nach presolar Mineralen a Calcium-Aluminium-räich Aschlëss ze fannen.
No hirer chemescher Zesummesetzung ginn d'Chondrite a folgend Ënnerklassen agedeelt:[2]
- Gewéinleche Chondrit. Si ginn nom Eisengehalt an dem Néckeleisengehalt agedeelt an:
- H-Chondrite (fir High iron), mat 22–30% Eisen an 17–23% Metall,
- L-Chondrite (fir Low iron), mit 20–24% Eisen an 4–9% Metall,
- L L-Chondrite (fir Low iron, Low metal), mat 19–22% Eisen an 0,3–3 % Metall.
Bei der praktescher Bestëmmung vun der Klass gëett den Eisenoxigehalt am Olivin benotzt, hien ass ëmgekéiert proportional zum Eisen an huet: Fir H-Chondrite 16–19% Fa (Fayalit oder mol-% Fe/(Fe + Mg)), fir L-Chondrite 21–25% Fa, fir LL-Chondrite 26–32% Fa. An den Olivinen vun den onequilibréierten Typ 3 Chondrite (kuckt ënnen) ass den Fa-Gehalt variabel tëschent 0 an 50% Fa.
- Enstatit-Chondrite. Si hunn keen Olivin, an am Pyroxen (hei Enstatit) ass den Fs-Gehalt (Ferrosilit oder mol-% Fe/(Fe + Mg)) méi kleng wéi 1.
- EH-Chondrit
- EL-Chondrit
- Kueleg Chondrite (Primitive Chondrit)
- CI (Ivuna Grupp)
- CO (Ornans Grupp)
- CV (Vigarano Grupp)
- CM (Mighei Grupp)
- CK (Karoonda Grupp)
- CR (Renazzo Grupp)
- CH (Metallräich)
- CB (Bencubbinit)
- R-Chondrite (Rumruti-Chondrit)
- K-Chondrit (Kakangari-Chondrit)
- F-Chondrit (Forsterit-Chondrit)
Eng Iwwersiicht iwwer d'Heefegkeet vun den Elementen an de verschiddene Chondriteklassen kann bei Kallemyn et al. („Geochemistry of ordinary chondrites“, Geochimica et Cosmochimica Acta, 1989, Säit 2747) fonnt ginn.
Niewent der chemescher Klassifizéierung ginn Chondriten no engem Schema, dat 1967 vun de Wëssenschaftler Van Schmus an Wood virgeschloe gouf, an d'petrologesch Typen 1 bis 6, heiansdo och 1 bis 7, agedeelt. Chondriten vum petrologeschen Typ 3 ginn „onequilibréiert“ genannt, well si Material representéieren, dat no der Entwéckung vum Mammekierper duerch Akkumulatioun aus dem solaren Niwwel bal onverännert blouf. Am Géigesaz dozou goufen Chondriten vum Typ 4 bis 6 zouhuelend thermesch metamorphiséiert. Dës Chondriten sinn dobäi rekristalliséiert. Als Folleg verwëschen sech an Typ 6 Chondriten d'Grenzen tëschent Chondren an Matrix (kuckt d'Bild vum L6-Chondrit Holbrook). Meteoriten vum Typ 1 an 2 sinn zwar net thermesch verännert ginn, hunn awer eng „wässereg“ Metamorphose matgemaach an hunn kristallwaasserhalteg Silikate (Tounmineralen). Während Chondrite vum Typ 3 bis 6 maximal 3 Gewiichtsprozent Waasser hunn, kënnen Typ 2 Chondrite bis zu 18 Gewiichtsprozent an Typ 1 Chondrite méi wéi 20 Gewiichtsprozent Waasser hunn. Typ CI1 Chondrite hunn keng Chondren, woubäi net kloer ass, ob si iwwerhaapt eng Kéier Chondren haten, oder ob dës duerch déi wäessreg Alteratioun zerstéiert goufen.
Bei gewéinleche Chondriten an Entstatit-Chondriten kommen déi petrologiesch Typen 3 bis 7 a bei kuelege Chondriten déi petrologesch Typen 1 bis 6 (bis CK5/6) vir.
Chondrite mat ënnerschiddlechen petrologeschem Typ kënnen vum gläiche Mammekierper staamen. Sou gouf fir d'H-Chondrite d'„Zwibbelschuelemodell“ fir de Mammekierper virgeschloen. No dësem Modell wär de Mammekierper vun den H-Chondrite een ondifferenzéierten Asteroid, deen no senger Genesis virun 4,56 Milliarde Joer duerch Zerfall radioaktiver Nuklide nach eng Kéier erhëtzt gouf ouni awer ze schmëlzen. Dobäi gouf hien am Kär staark, no baussen hin awer manner staark erhëtzt. H3-Chondrite géifen dann vun der Uewerfläch vum Mammekierper staamen, während d'H4-, H5- an H6-Chondrite aus zouhuelend gréisseren Déiften staamen géifen.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Chondrite. Websäit vun den Haberer-Meteorite
- Rätselhafte Kügelchen – Die uralten „Chondren“ bereiten Forschern Kopfzerbrechen
- Kinderstube der Planeten – Geochemesch Ënnersich un H4- an H6-Chondriten (Bedeitung vun de Chondriten fir d'Fuerschung vun der Geschicht vum Sonnesystem)
- Wie ein Deutscher das Himmelsfeuerwerk entschlüsselte. Fond vun engem kuelegen Chondrit an Dänemark. Spiegel.de vom 16. Mäerz 2009
Referenzen [änneren]
- ↑ http://www.mineralienatlas.de/lexikon/index.php/Meteorit/Steinmeteorit
- ↑ F. Heide, F. Wlotzka, Kleine Meteoritenkunde, 3. Oplo, Springer-Verlag 1988.