Chorobates

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

De Chorobates ass ee réimescht Vermiessungsinstrument. E kann och als Miessdunn bezeechent ginn an ass eng fréi Form vum Niveléierungsinstrument.

Et existéiert nëmmen nach eng Beschreiwung vun Vitruv. Skizzen oder Fragmenter gëtt et keng. Vill schlau Käpp, ënner hinnen de Leonardo da Vinci, hu sech dermat beschäftegt, wéi dëst Instrument ausgesi kéint hunn.

De Chorobates bestoung aus engem 20 Fouss (≈ 6m) laangen Träger mat vertikale Stäipen, meeschtens ganz aus Holz. E gouf entweder mat engem Senkbläi riicht gesat, oder duerch Observatioun vum Niveau an engem mat Waasser gefëllte Kulang op dem Fouss horizontal stabiliséiert. De Chorobates konnt also och als „Waasserwo“ gebraucht gi sinn.

De Chorobates gouf besonnesch beim Bau vu Waasserleitungen (Aquädukten), Brécken (Viadukten) an Tunnelen agesat.

[Änneren] Um Spaweck

http://www.unrv.com/roman-events/chorobates.php (esou huet méiglecherweis en Choronates ausgesinn)

Perséinlech Tools
Aner Sproochen