Chouer (Musek)
| Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Chouer (gr. χορός /ço'ʁɔs/ Danzplaz, Ronde, Rondedänzer) ass an der Musek en Ensembel vu Leit, déi zesumme sangen, an an deem all Stëmm duerch méi Sänger vertrueden ass. Chouer kann awer och d'Wierk bezeechnen, wat vun engem Chouer opgefouert gëtt.
Den haitege Begrëff vum Chouer als Klangkierper ass réischt am 17. - 18. Joerhonnert geprägt ginn. Bis dohinner war e Chouer net nëmmen e Grupp vu Sänger, mä ganz allgemeng e Grupp vu Persounen, déi zesumme musizéiert hunn.
Inhaltsverzeechnes |
Aarte vu Chéier [änneren]
Et gi verschidde Critère fir Chéier anzedeelen, mä an der Praxis ginn et fléissend Iwwergäng.
- Besetzung:
- gemëschte Chouer: all d'Stëmmlage si vertrueden (Fraen- a Männerstëmmen). Dozou ginn och Bouwechéier gezielt, an deenen d'Stëmmlage Tenor a Bass vertruede sinn;
- gläichstëmmeger Chouer, z. B. Fraechouer, Kannerchouer (d'selwecht Stëmmlag wéi e Fraechouer), Männerchouer
- Integrativ Kantorei, gemëschte Chouer mat Instrumenten (Orchester)
- Unzuel vun de Sänger, z. B. Kammerchouer (15-30 Memberen) oder Grousschouer. Sinn d'Stëmmen just solistesch oder héchstens zweefach besat, sou datt sech d'Stëmmen net „am Chouer“ mëschen, schwäzt ee vun engem Vokalensembel
- Usproch op kënschtleresch Qualitéit, z. B. Kammerchouer, Concertschouer, Vollekschouer
- Funktioun bzw. Institutioun, z. B. Kierchenchouer, Gesangsveräin, Radioschouer, Opernchouer, Gesanksakademie, Philharmonesche Chouer, Schoulchouer, Polizeichouer, Arméischouer, Unischouer, Akademesche Chouer, Betriibschouer
- Stilrichtung, z. B. Schola, Madrigalchouer, Oratorienchouer, Shantychouer, Popchouer, Gospelchouer, Jazzchouer.
- vertruedene Public, z. B. Kannerchouer, Meedercherschouer, Bouwechouer, Jugendchouer, Seniorechouer, Aarbechterchouer, etc.
Et ginn och vill Chéier, déi sech no hirem beléiwste Komponist nennen, z. B. Bachchouer.
Chouerbesetzungen [änneren]
| Stëmmlagen | |
| Fraestëmmen | Männerstëmmen |
|---|---|
Sopran (S) |
Tenor (T) |
Mezzosopran |
Bariton |
Alt (A) |
Bass (B) |
Sänger mat gläiche Stëmmlage ginn zu Stëmmgruppen zesummegefaasst. D'Besetzung, d'Ënnerdeelung vun de Stëmmgruppen, hängt vum Stéck of, wat gesonge gëtt. Am selwechte Wierk kënnen ënnerschiddlech Besetzunge virkommen. Fir d'Andeelung a Stëmmgruppen duerzestellen, ginn d'Ufanksbuchstawen hannerenee geschriwwen an zesumme mat dem Titel vum Wierk matgedeelt.
SATB – Standardbesetzung vu gemëschte Chéier [änneren]
Gewéinlech ginn an engem gemëschte Chouer d'Fraestëmmen an héich Sopran- an an méi déiw Alt-Lage, d'Männerstëmmen an héich Tenor- an an méi déiw Bass-Lage ënnerdeelt. Dës Standardbesetzung gëtt mat SATB ofgekierzt. Déi am Sologesank agesaten Tëschestëmmlage Mezzosopran a Bariton sinn an der Chouermusek ganz seelen.
Chouerwiesen zu Lëtzebuerg [änneren]
Zu Lëtzebuerg ginn et eng 250 Chéier, mat am Ganze 5.000 Sängerinnen a Sänger. Déi wéinegst Chéier si reng Fraen-, Männer- oder Kannerchéier, déi meescht si mixte. Déi meeschte Chéier si Kierchechéier, déi an hirer Daachorganisatioun, dem Piusverband, zesummegeschloss sinn. Si hunn hautdesdaags dee grousse Problem vum feelenden Nowues: Uersaache sinn dacks hir schlecht Qualitéit an hire langweilege Repertoire.[1]
Fréier hat de Kierchechouer, grad esou wéi d'Duerfmusek, um Duerf eng sozial Funktioun, déi haut net méi gebraucht gëtt. E Groussdeel vun de Leit engagéiert sech hautdesdaags net méi gären iwwer dat ganzt Joer, mä éischter bei punktuellen Aktiounen wéi Workshoppen, déi, zënter datt den INECC Lëtzebuerg besteet, ëmmer méi beléift sinn. Nieft der kruzialer Fro vun der Ausbildung vun den Dirigenten ass mëttlerweil eng Offer wichteg, déi nieft weltlech a kierchlech Musek och de lëtzebuergesche Repertoire mat abezitt.[1]
Chéier zu Lëtzebuerg [änneren]
Gemëschte Chéier [änneren]
Kanner- a Jugendchéier [änneren]
Fraechéier [änneren]
Männerchéier [änneren]
Kuckt och [änneren]
- INECC Lëtzebuerg - Institut européen de chant choral Luxembourg
- Piusverband
- Union des sociétés de chant de la ville de Luxembourg
- Union Grand-Duc-Adolphe
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Chéier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten [änneren]
- ↑ 1,0 1,1 Quell: Kulturdossier vum 14. Oktober 2011 (9:05-9:30) um Radio 100,7: Analys an e Bilan vum Status vun de Kierchechéier hei am Land, sou wéi och vum Stellewäert vum Gesank an eiser moderner Gesellschaft. Am Kader vum Thema vum Mount: Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg.