Chrisam

Vu Wikipedia
Chrisam (mat den Initialen "OS" fir Olea Sancta

Chrisam (vum griech. chrisma = Salbueleg a christos = de Gesalbten) ass en Ueleg, deen aus enger Mëschung vun Olivenueleg a Balsamharz besteet.

An der kathoulescher Kierch gëtt e vum Bëschof um Moie vu Gréngen Donneschde geweit. Da gëtt e fir Dafen, Firmungen, Priisterweien, Bëschofsweien oder d'Wei vu Klacke benotzt. Den Ueleg soll e Sënnbild fir Freed, Kraaft a Gesondheet sinn. Mënschen, déi mat Chrisam gesalbt sinn, wëllen de "Wohlgeruch Christi" (2 Kor 2,15) verbreeden.