Christal and Crack

Vu Wikipedia
Christal and Crack
Museksgenre Elektrohouse, Elektropop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2008
Memberen Marco Reckinger
Chris Diederich

Christal and Crack war e lëtzebuergeschen Elektropop an Elektrohouse-Duo vun Diddeleng.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Marco Reckinger an de Chris Diederich hu sech schonn zanter hirer Kandheet kannt, mä et war eréischt nodeem de Marco Reckinger seng Formatioun zum Tountechniker zu Paräis ofgeschloss hat datt se am September 2008 decidéiert hu fir zesumme Musek ze maachen. Kuerz drop koum dunn hir éischt EP Two Guys in Heaven eraus, déi ee gratis iwwer hir Websäit konnt eroflueden.[1]

D'Joer drop koum dunn den Album Vitamine C eraus, vun deem d'Lidd The Night ausgekoppelt gouf an och e Museksvideo krut.

Den zweeten a leschten Album M.D.M.A. koum um Plackelabel Temperatour eraus, dat déi zwee Museker selwer gegrënnt haten.

De Stil vu Christal and Crack war "trashy", mä si hu sech e grousse Spillraum gelooss fir och nach aner Stiler mat afléissen ze loossen. Eenzel Deeler vun der EP loossen een zum Beispill un Justice, Mr. Oizo oder Chromeo denken.

De Marco Reckinger ass den 9. Januar 2021 am Alter vun 33 Joer zu Berlin gestuerwen, wou hie jorelaang op der Strooss gelieft huet.[2],[3]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2009: Vitamine C
  • 2011: M.D.M.A.

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Two Guys in Heaven (EP)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 land.lu: EP Two Guys in Heaven de Christal & Crack - Just for the night vum David André (15. Oktober 2009)
  2. rtl.lu: De Museker Marco Reckinger ass am Alter vun 33 Joer gestuerwen vum David Winter (12. Januar 2021)
  3. tagesspiegel.de: Nachruf auf Marco Reckinger: Verrückter Superheld vum Karl Grünberg (6. November 2021)