Christian Doppler
De Christian Doppler, gebuer den 29. November 1803 zu Salzburg a gestuerwen de 17. Mäerz 1853 zu Venedeg, war en éisträichesche Mathematiker a Physiker an den Entdecker vum sougenannten Doppler-Effekt.
Den éischter bescheidenen Doppler sollt Geschäftsmann ginn awer seng grouss mathematesch Kapazitéite sinn dem Astronom Simon Stampfer opgefall. Sou koum et datt en um polytechneschen Institut zu Wien studéiert huet an do duerno 1848 Physiksprofesser gouf.
An enger Monographie déi hien 1842 bei der Kinneklech-Béimescher Wëssenschaftsakademie publizéiert huet, huet hien dat Penomen duerch dat e bekannt gouf beschriwwen an explizéiert, d. h. datt Schallwelle sech kompriméieren, wann d'Quell vum Kamméidi méi no kënnt, an datt se sech auserneenzéie wann d'Quell sech ewechbeweegt. De Physiker huet och bewisen datt dee Phenomen sech net nëmmen op d'Schallwelle bezitt, mä och op d'Liicht an op d'Radiowellen.
Dräi Joer méi spéit huet den Hollänner Christoph Buys Ballot an der Gare zu Utrecht de Phenomen confirméiert, andeems en Trompettisten op engem Eisebunnswagon, dee mat ënnerschiddleche Vitessen hin an hier gefuer ass, permanent déiselwecht Nout spille gelooss huet. Um Quai stounge Museker déi fir hiert gutt Ouer bekannt waren, an déi ware séier dervun iwwerzeegt datt den Toun méi héich géif wann de Wagon méi no kënnt, a méi déif wann e vun der Plaz fortfiert.[1]
Sechs Joer duerno huet den Hippolyte Fizeau onoghängeg vum Doppler senger Entdeckung déiselwecht Observatioun bei den elktomagnéitesche Welle gemaach. Dofir gëtt och bei sou Wellen dacks den Ausdrock Doppler-Fiseau-Effekt gebraucht.
Wierker[änneren]
- Abhandlungen. Leipzig: Engelmann, 1907
- Schriften aus der Frühzeit der Astrophysik. Frankfurt/M.: Deutschmann, 2000. (Repr. d. Ausg. Leipzig 1907) ISBN 3-8171-3161-5
- Über das farbige Licht der Doppelsterne und einiger anderer Gestirne des Himmels. Prag: Böhmische Gesellschaft der Wissenschaften, 1842
- Über eine wesentliche Verbesserung der katoptrischen Mikroskope. Prag: Borrosch & André, 1845
| Commons: Christian Doppler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Zitéierfeeler: D'Markéierung <ref> gëtt et, awer d'Markéierung <references/> gouf net fonnt
