Christian Lavey

Vu Wikipedia
Christian Lavey
Gebuer 8. Januar 1976
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zauberkënschtler


De Christian Lavey, gebuer den 8. Januar 1976 als Christian Kies, ass e lëtzebuergeschen Entreprener, Zauberkënschtler an Illusionist.

Hien ass international als Zauberkënschtler opgetrueden a gouf aus iwwer 1000 Kënschtler fir de gréissten Zauberfestival a Bayern, Bamberg zaubert 2009, ausgewielt. 2008 gouf hie vun TomCatMagic als Zauberer vum Joer ausgezeechent. 2021 ass hien als "Künstler des Jahres" vum däitsche Künstler Magazin ausgezeechent gin [1].

Den 23. Januar 2018 hat de Christian Lavey (ënner dem Numm Christian Kies) eng Petitoun an der Chamber agereecht[2],[3],[4],[5]. Déi Petition hat als Zil, datt Lëtzebuerg en "Doudes Stär" baue soll, wéi am Film "Star Wars". An engem Interview mat engem lokale Sender huet de Lavey awer wësse gelooss, datt dat Ganzt nëmmen e Witz an eng Iddi aus puerer Langweil war.

Als Entreprener huet den Lavey d'Master Franchise Lizenz vun der schweedescher Firma Partyland iwwerholl an huet och e Buttek am Zentrum vun Treier. Donieft ass en och Grënner vun de Firmen Kies Sàrl-S (Lizenz- an Eventvermaartung) an Dainties GmbH.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Magier zum Künstler des Jahres nominiert.. mywort.lu (2021-04-12). Gekuckt de(n) 2022-01-25.
  2. http://www.eldo.lu/aktuell/news/81796.html
  3. https://www.wort.lu/de/panorama/petition-fuer-todesstern-ueber-luxemburg-die-macht-sei-mit-dir-5a6873bcc1097cee25b7c5a0#
  4. http://www.rtl.lu/lifestyle/people/1124719.html
  5. http://www.lessentiel.lu/de/luxemburg/story/30789670