Christian Stock

Vu Wikipedia
Christian Stock
Gebuer 15. Abrëll 1894
Nationalitéit Däitschland

De Christian Stock, gebuer de 15. Abrëll 1894 zu Ehrenbreitstein, war en Däitschen, deen am Zweete Weltkrich Buergermeeschter vun Iechternach war.[1]

Hien ass samschdegs, den 23. August 1941, an enger vum däitschen Okkupant inszenéierter Feier als "Amtsbürgermeister" vun der “Amtsverwaltung Echternach” an als Buergermeeschter vun der Stad Iechternach vum Landrat Fielitz (Kreis Grevenmacher) am Iechternacher Veräinshaus virgestallt ginn.[2] Zu der "Amtsbürgermeisterei Echternach" hunn d'Gemenge Beefort, Bäerdref, Iechternach, Mompech a Rouspert gehéiert.[3] Säin Amt huet de Stock vum 25. August 1941 bis den 31. August 1944 ausgeübt.[1] Den 1. September 1944 huet hie sech aus dem Stëbs gemaach. Am Volleksmond hat hien de Spottnumm "de Bengel".[4]

Ier de Christian Stock op Iechternach koum war hien an Däitschland Buergermeeschter vun der Stad Oberwesel an dem Amt Wiebelsheim[2] a "Kreisverwaltungs-Direktor" zu Euskirchen[4].

Hie war mat der Maria Lückerath bestuet.[1] Ee vun hire Jongen, den "Oberfähnrich" Hermann Josef Stock, dee Pilot war, ass am Mee 1944 am Osten am Alter vun 21 Joer ëm d'Liewe komm.[5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archiv vun der Stad Iechternach.
  2. 2,0 2,1 Luxemburger Wort 1941, Nr. 236 (26. August), S. 4 (Aus dem Kreis Grevenmacher: Einführung der Amtsbürgermeister von Echternach und Mondorf sowie der neuberufenen Bürgermeister, Beigeordneten und Gemeinderäte der beiden Amtsbezirke). [1]
  3. Luxemburger Wort 1941, Nr. 238 (28. August), S. 4 (Amtsbürgermeisterei Echternach). [2]
  4. 4,0 4,1 Kauthen, P., 1997. Das Leben der Echternacher Bevölkerung unter der deutschen Besatzung (1940-1944). In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1996, S. 157.
  5. Luxemburger Wort 1944, Nr. 161 (9. Juni), S. 5 (Doudesannonce) Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-06-01.