Christian de Duve

Vu Wikipedia
Christian de Duve
Gebuer 2. Oktober 1917
Gestuerwen 4. Mee 2013
Nationalitéit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Biolog, Universitéitsprofesser, Biochimist, Akademiker, Chimist, Dokter, Physiolog
Member vun Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, Académie des sciences, Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, Rumänesch Akademie, American Academy of Arts and Sciences, Academia Europaea


De Christian René de Duve, gebuer den 2. Oktober 1917 zu Thames Ditton, Groussbritannien, a gestuerwen de 4. Mee 2013[1], war e belsche Biocheemiker an Nobelpräisdréier[2].

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Dem de Duve seng Eltere ware wärend dem Éischte Weltkrich aus der Belsch an England geflücht a sinn 1920 mat him op Antwerpen hannescht gaangen. 1941 huet hie säi Medezinstudium zu Léiwen mat engem Doktertitel ofgeschloss.

No Studienopenthalter zu Stockholm an zu Washington gouf den de Duve 1951 Professer zu Léiwen. Hien huet zwéin nei Zellbestanddeeler entdeckt: Dat eent sinn d'Lysosomen, d. h. Bleesercher, an deenen déi hydrolytesch Enzymer sinn, déi defekt oder iwwerflësseg Zellorganellen, oder Stoffer, déi vu baussent der Zell a Gastriolen opgeholl goufen, ofbauen. Dat anert sinn d'Peroxisomer, déi och eng Entgëftungsfunktioun hunn.

1960 huet hie fir seng Aarbechten an der Biochimie de Francqui-Preis, e renomméierte belsche Wëssenschaftspräis, krut.

1962 gouf e Professer um Rockefeller-Institut zu New York, wou och den Albert Claude an de George Emil Palade geschafft a gefuerscht hunn. 1973 gouf e Member vun der Leopoldina.

1974 krut en, zesumme mam Claude a mam Palade, den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin fir seng Recherchen zu der Struktur a Funktioun vun der Zell. Dat selwecht Joer huet hien d'Internationaalt Institut fir Zell- a Molekularpathologie (ICP) zu Bréissel gegrënnt, wou hie bis zu sengem Doud mat an der Direktioun war. 1989 huet en d'E. B. Wilson Medal an 1967 de Canada Gairdner International Award kritt.

Am Mee 2013 huet hie vun der Stierfhëllef Gebrauch gemaach.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Christian de Duve: A guided tour of the living cell, 1984, Scientific American Books, New York.
  • Christian de Duve: Vital dust. Life as a cosmic imperative, 1995, Harper Collins Publishers, New York.
  • Christian de Duve: Blueprint for a cell: The nature and origin of life, 1991, Neil Patterson Publishers, Burlington, North Carolina.
  • Christian de Duve: Die Genetik der Ursünde - Die Auswirkung der natürlichen Selektion auf die Zukunft der Menschheit. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg 2010. ISBN 978-3-8274-2708-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christian de Duve – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Christian de Duve a choisi le moment de sa mort", lesoir.be, 2013-05-06
  2. Autobiographie op Nobelprice.org