Christiane Claude-Modert
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Christiane Modert, gebuer den 18. Abrëll 1958 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Molerin.
Si huet op der Sorbonne zu Paräis an der Fakultéit Saint-Charles studéiert an ass duerno Professer fir Konschterzéiung ginn:
- 1981-1984, Stage (Lycée technique Joseph-Bech zu Gréiwemaacher a Lycée Michel-Rodange an der Stad;
- 1984, Nominatioun (Lycée technique d'Ettelbruck);
- 1985, Lycée classique de Diekirch.
Si mécht besonnesch Batik a Seidemolerei, awer och Gouachen an aner Techniken.
Ausstellungen (Auswiel) [änneren]
- 1977, Cercle Municipal, Stad Lëtzebuerg
- 1978, Kulturzentrum Schëtter
- 1985, Galerie d'art municipale, Esch-Uelzecht
- 1989, Foyer vum Theater Esch-Uelzecht
- 1990, Château Wirtgen, Dikrech
- 1991, Tutesall, Stad Lëtzebuerg
Literatur [änneren]
- APEA, 1987. Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg. Association des Professeurs d'Education artistique de l'Enseignement secondaire et supérieur ( APEA), Luxembourg, Impr. St-Paul, 332 S. (Christiane Claude-Modert: S. 314-315).
- Lambert Herr, 1992, Anthologie des Arts au Luxembourg, Éditions É.Borschette, Lëtzebuerg, S. 57, ISBN 2-87982-034-0
- R. Fehr, Tageblatt, 5. November 1985
- R. Audry, Tageblatt, 18. Mee 1989
- Républicain Lorrain, 12. Mee 1989
- J.P. Schneider, Luxemburger Wort, 18. Mee 1989