Christoph Scheiner

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Christoph Scheiner

De Christoph Scheiner, gebuer de 25. Juli 1575 zu Markt Wald bei Mindelheim a Bayern a gestuerwen den 18. Juli 1650 zu Neisse, war en däitsche Philosoph, Theolog, Mathematiker an Astronom.

De Christoph Scheiner ass 1595 dem Jesuitenuerden zu Landsberg bäigetrueden. Bis 1609 huet hien zu Ingolstadt Philosophie, Theologie, Mathematik an d'hebräesch Sprooch studéiert. Vu 1610 bis 1616 war hie Professer fir déi zwee leschte Fächer. An dës Zäit fält den Ufank vu sengen astronomeschen Aktivitéiten, well schonn am Januar 1612 goufe seng Schrëften zu Observatioune vu Sonneflecken verëffentlecht. Well d'Flecken net mat der kierchlecher Léier vun der Rengheet an Onveränderlechkeet vum Himmel an de Stäre war, sinn d'Schrëften als Bréif un den Augsburger Editeur Markus Welser ënner engem Pseudonym geschriwwe ginn: Apelles latens post tabulam.

Zur Observatioun vun der Sonn hat de Scheiner e faarweg Blendglas benotzt. Zil vun den Observatiounen war et, virdrun (1611) op der duerch Niwwel verdonkelter Sonnescheif entdeckte Flecken ze bestätegen oder ze verwäerfen. Dës Flecken hate parallel zum ostfriseschen Astronom Johannes Fabricius (Jong vum David Fabricius, dem Entdecker vun der Veränderlechkeet vun der Mira), och de John Goodricke an den italienesche Physiker Galileo Galilei alleguer gesinn. D'Verëffentlechung Joh. Fabricii Phrysii de maculis in Sole observatis et apparente earm cum Sole conversione Narratio ass schonn am Joer 1611 erauskomm, während dem Galilei säin Istoria e dimonstrazioni intorno alle macchie solari e loro accidenti eréischt am Abrëll 1613 gedréckt gouf.

Op d'Bréiwer vum Scheiner huet de Galilei ëmmer eng Äntwert geschriwwen, an iwwerdeems de Scheiner um Ptolemäesche Weltbild mat enger Sonn, déi op der Plaz steet, festgehalen huet an d'Flecke fir kleng Planéite bannescht der Merkurbunn gehalen huet, war sech de Galilei der gefleckter Sonn an domat der Bestätegung vum Kopernikanesche Weltbild sécher.

De Scheiner war ee vun deenen éischten, dee fir déi folgend Sonnenobservatiounen en Teleskop no de Beschreiwunge vum Johannes Kepler gebaut an och benotzt huet. Dëst Refraktorteleskop, dat aus zwou Sammellënsen bestoung, huet ëmgedréint, säiteverkéiert, awer dofir wesentlech méi staark vergréissert a liichtstaark Biller geliwwert.

De Scheiner huet no 1616 als Beichtpapp a soumat och als Beroder fir e puer Fürste vun Europa gedéngt. Donieft huet hie 1619 d'Wierk Oculus, hoc est: fundamentum opticum verëffentlecht, an deem hien, ouni vum Gesetz vun der Liichtbriechung an de Medien ze wëssen, d'Briechungsindiz an d'Deeler vum A wéi Lëns a Glaskierper uginn huet, d'Netzhaut als Sëtz vum Gesiichtssënn erkannt huet an d'Funktioun vun der Pupill an der Iris beschriwwen huet. Am Joer 1624 ass hien op Roum komm an huet am Observatoire vun der Gregoriana weider systematesch Observatioune vun der Sonn gemaach. Unhand vun der Wanderung vun de Sonneflecken huet hien d'Rotatiounszäit vun der Sonn berechent, déi an der Equatorgéigend 25 Deeg an an der Polgéigend ronn 33 Deeg ass. Entdeckt huet de Schreiner d'Rotatiounsachs vun der Sonn, d'Sonnefakel an d'Granulatioun vun der Photosphär.

Seng Entdeckungen huet hien am Wierk Rosa Ursina beschriwwen. Vill vu sengen Entdeckunge konnten eréischt méi spéit wëssenschaftlech erkläert ginn, an obwuel hie vun de sublunaren oder submerkurianesche Kierper ofkomm ass an d'Flecken op der Sonn tatsächlech als Uwerflächeverännerungen opgeholl huet, sou ass hien awer bis zu sengem Doud den 18. Juli 1650 zu Neisse bei sengem geozentresche Weltbild bliwwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Johannes Hemleben: Galilei, rororo 1969
  • Fritz Krafft, Adolf Meyer-Abich (Hrsg.): Große Naturwissenschaftler, Fischer 1970
  • Daxecker, Franz: The Physicist and Astronomer Christoph Scheiner: Biography, Letters, Works, Veröffentlichungen der Universität Innsbruck 246 (2004).
  • Franz Daxecker: Der Physiker und Astronom Christoph Scheiner, Innsbruck 2006.
  • Franz Daxecker: Christoph Scheiner und der flüssige Himmel, in: Acta Historica Astronomiae 36, Beiträge zur Astronomiegeschichte 9, 2008, 26-36

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christoph Scheiner – Biller, Videoen oder Audiodateien