Christoph Wilhelm Selig

Vu Wikipedia
Schlassbréck a Bockfiels (1814).

De Christoph Wilhelm Selig, och Christophe-Guillaume Selig, gebuer 1791, gestuerwen 1837 war en Artillerie-Läitnant a Moler.

Vun 1814 bis 1815 war hien als Member vun der hessescher Garnisoun zu Lëtzebuerg an huet a senger Fräizäit eng Rei Aquarelle vun der Festung Lëtzebuerg gemoolt.

1990 huet P&T Luxembourg, am Kader vum 175-järegen Anniversaire vum Wiener Kongress, véier Timbere mat Ofbildunge vum Christoph Wilhelm Selig senge Wierker erausginn.