Christophe Wagner

Vu Wikipedia
Christophe Wagner
Gebuer 10. November 1974
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

De Christophe Wagner, gebuer den 10. November 1974 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Christophe Wagner huet tëscht 1995 an 2000 op der Bréisseler Héichschoul Institut Supérieur des Arts et des Spectacles (INSAS) studéiert an dës mat engem Diplom Réalisation Film-Télévision ofgeschloss.

Zanterhier huet hie Kuerzfilmer, Documentarfilmer, Pubën a Portraite realiséiert. 2011 huet hie säin éischte Long-métrage, de Krimi Doudege Wénkel realiséiert, deen am Oktober 2012 an d'Kinoe koum. 2015 koum den historeschen Drama Eng nei Zäit eraus, deen op engem Zenario vun der Viviane Thill baséiert, an deen ë. a. de fënneffache Muerd um Wandhaff thematiséiert.[1] Bei deenen zwéi Filmer war hien och Co-Auteur vum Dréibuch.

Hien ass och Regisseur vun den zwou Staffelen (2 x 12 Episoden) vun der TV-Serie Capitani (2019, 2022), vun zwou Episode vun der 2. Staffel vun der belscher Serie Unité 42 (2019)[2] an e puer Episode vun der Sitcom Comeback (2013).

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Ausserdeem war hien de Regisseur vun der zweeter Ekipp vun der Geneviève Mersch hirem J'ai toujours voulu être une sainte (2003) an huet de Making of vum Pol Cruchten sengem Perl oder Pica gedréint.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op samsa.lu.
  2. "Achetée par Netflix et la VRT, Unité 42 filme sa saison 2." laloidesseries.lalibre.be, 22.03.2019.
  3. Biographie am Inofrmatiounsbichelchen zu "Eng nei Zäit"