Christopher Milne

Vu Wikipedia
Christopher Milne
Gebuer 21. August 1920
Chelsea
Gestuerwen 20. Abrëll 1996
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Stowe School,
Trinity College
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Papp Alan Alexander Milne

De Christopher Robin Milne, gebuer den 21. August 1920 zu Chelsea (London) a gestuerwen den 20. Abrëll 1996 zu Totnes (Devon), war de Jong vum englesche Schrëftsteller A. A. Milne. Als Kand huet hien d'Virbild fir de Christopher Robin a sengem Papp senge Winnie-the-Pooh-Geschichte geliwwert.

Fir säin éischte Gebuertsdag hat de Christopher en Alpha-Farnell-Teddybier geschenkt kritt, deen hien ufanks Edward genannt huet a spéider Winnie, an dat nodeem hien am Londoner Zoo e Bier gesinn hat, dee sou geheescht huet. Dem Christopher säin Teddybier huet den A. A. Milne zu der Figur vum Winnie-the-Pooh inspiréiert. Déi aner Figuren aus dem Milne senge Winnie-the-Pooh-Bicher ginn och op Plüschdéieren zeréck, mat deenen de Christopher gespillt huet.

De Christopher Milne huet sech 1951 als Buchhändler zu Dartmouth (Devon) etabléiert.

D'Problemer, déi hien als Kand an och nach als Erwuessene mat sengem Christopher-Robin-Rôle hat, huet hien an zwee autobiographesche Bicher – The Enchanted Places (1974) an The Path Through the Trees (1979) – literaresch opgeschafft.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Milne, Christopher: The Enchanted Places. Methuen, London 1974, 169 S.
  • Milne, Christopher: The Path Through the Trees. Methuen, London 1979, 287 S.
  • Milne, Christopher: The hollow on the hill: the search for a personal philosophy. Methuen, London 1982, 154 S.
  • Milne, Christopher: The windfall: a fable. Methuen, London 1985, 62 S.
  • Milne, Christopher: The open garden: a story with four essays. Methuen, London 1988, 51 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 2006. Vom Armee-Maskottchen zum Kinderbuch-Helden: Winnie-the-Pooh feiert 80. Geburtstag! In: Lëtzebuerger Journal 2006, Nr. 199 (14./15. Oktober), S. 22-23. [1]
  • Thwaite, A., 1990. A. A. Milne. His Life. London, Boston: Faber and Faber, 554 S.
  • Thwaite, A., 1992. The Brilliant Career of Winnie-the-Pooh. The story of A. A. Milne and his writing for children. London, Methuen, 192 S.
  • Thwaite, A., 1996. Obituary: Christopher Milne. The Independent, 23 April 1996. [2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]