Christuskinneksfest

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Christus Kinnek)

Um leschte Sonndeg am Kierchejoer (also eng Woch virum éischten Adventssondeg) feiert d'kathoulesch Kierch d'Fest vu Christus dem Kinnek. Dëst Fest huet eng kloer eschatologesch Dimensioun, well et – als Ofschloss vum Kierchejoer – d'Iwwerzeegung ausdréckt datt um Enn vun der Zäit de Jesus Christus erëmkënnt an d'Schëpfung zu hirer Vollendung féiert a vun do un als Kinnek herrsche wäert. D'Eegeschaften déi dësem Räich - no chrëschtlecher Virstellung - zoukommen, ginn och an der Prefatioun vun dësem Dag beschriwwen: "das Reich der Wahrheit und des Lebens, das Reich der Heiligkeit und der Gnade, das Reich der Gerechtigkeit, der Liebe und des Friedens".

Dëst Fest gouf 1925 vum Poopst Pius XI. agefouert zum 1600. Jubiläum vum Konzil vun Nicäa, an enger Zäit wou vill Monarchien an Europa zerfall sinn a wou sollt op d'Perennitéit (d. h. de Fortbestand) vu Christus als Herrscher higewise ginn.