Chronologie vum ale Griicheland
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia zum antike Griicheland. |
Dës Chronologie vum ale Griicheland soll Iech en Iwwerbléck iwwert déi wichtegst Evenementer vun dëser Zäit a Griicheland ginn.
[Änneren] Archaik
[Änneren] Héich Archaik
Rekonstruktioun vu Pfahlbauten aus dem Neolithikum.
- 6. - 4. Joerdausend : Neolithikum a Griicheland.
- Ëm 3000 : Éischt Agglomeratiounen op Kreta. D'Minoer kommen un (?).
- 27. Joerhonnert : Bronzezäit. Ufank vun der alminoescher Sprooch a Schrëft.
- 23. Joerhonnert : Ufank vun der mëttlerer Bronzezäit a Griicheland. D'Minyaner oder "Proto-Griichen" kommen un (?).
- 21. Joerhonnert : Éischt Forme vun engem Palais op Kreta.
- 20. Joerhonnert : Iwwergang zu der Mëttelminoescher Sprooch a Schrëft.
- 18. Joerhonnert : Éischt Palaisen op Kreta.
- 17. Joerhonnert : Generell Zerstéierung vun de Siten op Kreta.
- Ëm 1680 : Zweet Palaisphas op Kreta.
- Ëm 1650 : Éischt Griewer zu Mykene. D'Mykener kommen un.
- Ëm 1630 : Explosioun vum Vulkan zu Santorini. Den Datum ass op 50 Joer geschat (tëscht 1650 a 1598).
- 16. Joerhonnert : Héichpunkt vun de Palaise vu Knossos.
- 1600 - 1580 : Iwwergang zu der rezenter Minoescher Sprooch a Schrëft.
- Ëm 1450 : Generell Zerstéierung vun de Siten op Kreta. D'Mykener huele Knossos an.
- 1450 - 1350 : Héichpunkt vun de mykenesche Palaisen.
- 14. Joerhonnert : Archiver vu Knossos an der Schrëft Linear B.
- 14. - 13. Joerhonnert : Mykenesch Expansioun.
- Ëm 1250 : Trojanesche Krich.
- Ëm 1200 : Archiver vu Pylos an der Schrëft Linear B. Generell Onrouen.
- 1194 - 1184 : Trojanesche Krich no der hellenistescher Chronologie.
- 11. Joerhonnert : D'international Bezéiunge briechen zesummen, souwéi d'mykenesch Kultur. Ufank vun den Däischteren Zäitalteren.
Palais vu Knossos.
- 1104 : D'Herakleiden kommen zeréck oder doresch Migratioun, je no antiker Traditioun.
- Ëm 1104, 884 oder 776 : Datummer, déi dem Lykurgos zougeschriwwe ginn, je no Chronologie.
- 1102 : Ufank vun der Lëscht vun de Kinneke vu Sparta.
- Ëm 1100 : Ufank vun der Eisenzäit a Griicheland. Legendär Grënnung vu Gadir (Cádiz) duerch d'Phönizier.
- 1077 - 1044 : Traditionell Date vun der Grënnung vu Milet a Klengasien.
- Enn 11. - 10. Joerhonnert : D'Griiche loossen sech op der klengasiatescher Küst néier.
- Ëm 1020 : Ufank vum Proto-Geometreschten Zäitalter a Griicheland.
- Ëm 1000 : Prënzegraf vum Lefkandi vun Euböa. Éischt Spuere vun engem Kult zu Olympia. Éischt griichesch Agglomeratiounen zu Smyrna a Klengasien.
[Änneren] 9. Joerhonnert v. Chr.
- Ëm 900 : Ufank vum Geometreschten Zäitalter a Griicheland.
- 9. Joerhonnert : Synoikismos zu Sparta.
- 814 : D'Phönizier grënne Karthago am westleche Mëttelmier.
- Enn 9. Joerhonnert : Éischt Spure vun engem Kult zu Delphi.
[Änneren] 8. Joerhonnert v. Chr.
- Ufank 8. Joerhonnert : Ilias (?).
- Ëm 800 : Griichesch Grënnung vun Al-Mina tëscht Syrien an Anatolien. D'Etrusker loosse sech an der Toskana néier.
- 776 : Éischt Panhellenesch Spiller zu Olympia.
- Ëm 775 : Éischt griichesch Spueren op der Insel Ischia (Pithekoussai).
- Mëtt 8. Joerhonnert : Ufank vun der Schrëft an Enn vun der Héich-Archaik.
- 757 - 738 : Éischte Messenesche Krich no der traditioneller Chronologie.
- 756 : Grënnung vu Kyzikos um Propontis.
- 754 : Ufank vun der Lëscht vun den Ephoren zu Sparta.
- Ëm 753 : Ufank vun den zéngjäre Magistraturen zu Athen (duerno all Joer).
- Ëm 750 : Grënnung vun Ischia a Kampanien. Legendär Grënnung vun Ibiza duerch Karthago. Zu Amykles, am Süde vu Lakonien, ginn déi éischt Panlakonesch Spiller ofgehalen.
- 750 : Grënnung vu Cumae an der Bucht vun Neapel.
- 747 : Oligarchie vun de Bakkhiaden zu Korinth.
- 734 - 733 : Grënnung vun Naxos a Syrakus. D'Griiche loossen sech op Sizilien néier.
- Ëm 730 : D'Griiche kontrolléieren d'Mierengt vu Messina.
- 730 - 725 : Déi eelsten archeologesch Iwwerreschter, déi um Site vu Karthago fonnt goufen.
- Ëm 720 : Déi grouss Tempele vu Smyrna a Samos gi gebaut.
- 708 : Grënnunng vu Parion am Norde vum Hellespont.
- 706 : Grënnunng vun Tarent. D'Griiche loossen sech am Süde vun Italien néier.
- Ëm 700 : D'Tempele vu Korinth an Argos gi gebaut. Smyrna gëtt nei amenagéiert. Athen annektéiert Eleusis.
- Enn 8. Joerhonnert : Odyssee. Tempel an Agora zu Dreros op Kreta. Krich tëscht Chalkida an Eretria an Euböa.
[Änneren] 7. Joerhonnert v. Chr.
- 690 : Panhellenescht Hellegtum vum Poseidon um Isthmus vu Korinth.
- Ëm 687 : De Gyges grënnt d'Dynastie vun de Mermnaden a Lydien. Protektorat iwwer d'Poleis an Ionien.
- 686 : Grënnung vu Chalcedon um Agank vum Bosporus.
- Ëm 683 : Zu Athen gouf d'Archontat op ee Joer beschränkt a sechs Thesmothétai goufen agefouert.
- Ëm 675 : Invasioun vun de Kimmerer, engem skythesche Vollek aus der Stepp. Zerstéierung vum Artemision zu Ephesus.
- 669 - 668 : Krich tëscht Sparta an Argos. Néierlag vun Hysiæ. Éischt Optriede vun der Phalanx.
- Ëm 668 - 654 : Zweete messenesche Krich.
- 657 : Grënnung vu Byzanz um Agank vum Bosporus. Tyrannis vun de Kypseliden zu Korinth.
- 656 : Grënnung vun Istros un der Mündung vun der Donau. D'Griiche loosse sech am Schwaarze Mier néier.
- 652 : † Gyges, den Alyattes kënnt op den Troun a Lydien.
- 651 : Grënnung vu Lampsakos um Hellespont.
- Mëtt 7. Joerhonnert : Aktivitéit vum Poet Tyrtaios.
- Zweet Halschent vum 7. Joerhonnert : Éischt Gesetz, wat niddergeschriwwe gëtt.
- Ëm 650 - 630 : Tyrannis vum Pheidon zu Argos.
- Ëm 646 : Grënnung Olbia un der Mündung vum Dnepr.
- Ëm 640 : Éischt Representatioun vun der Phalanx op der Vase (Chigi-Vase).
- Ëm 635 oder 632 : Versuch vun enger Tyrannis vum Kylon zu Athen.
- Ëm 630 : Grënnung vu Kyrene a Libyen.
- 629 : Grënnung vu Sinope un der nërdlecher Küst vu Klengasien.
- 624 - 620 : Legislatioun vum Drakon zu Athen.
- 614 : D'Meder, en iranescht Vollek, réckelen an Héich-Mesopotamien no vir.
- Ëm 610 - 580 : Tyrannis vum Kleisthenes zu Sikyon.
- Ëm 600 : De Kolaios vu Samos segelt bis op Tartessos (Süde vun der Iberescher Hallefinsel). Éischt phönizesch-punesch Agglomeratioun am Marokko. Ufank vun der Expansioun vu Phokaia.
- 600 : Legendär Grënnung vu Marseille. Zerstéierung vu Smyrna duerch d'Alyatten.
- Enn 7. Joerhonnert : Grënnung vun Trabzon (Kolchis), un der nërdlecher Küst vu Klengasien. Éischt Mënzen zu Ephesus.
[Änneren] 6. Joerhonnert v. Chr.
- 600 - 590 : Éischten hellege Krich. Bléi vun der Amphiktyonie vun Delphi.
- 1. Halschent vum 6. Joerhonnert : Mënze vun Aigina.
- 594 oder 592 : Archontat vum Solon zu Athen.
- Ëm 590 : Phokaia grënnt Emporion (Empúries) op der katalanescher Küst, an d'Erweiderung Neapolis.
- 590 : Anarchie (keen Archon) zu Athen.
- 586 : Anarchie zu Athen.
- 585 : Éischten Affrontement tëscht Alyatten a Meder. Grenz vum Halys.
- 583 : D'Tyrannis zu Korinth gëtt gestierzt.
- 582 - 580 : Verlängerung vum Archontat vum Damasias zu Athen.
- 579 : Zu Athen ginn déi dräi politesch Fraktioune vum Dall, der Küst an den Hiwwele gegrënnt.
- 566 : Grënnung vun de Panathenäen.
- Ëm 565 : Phokaia grënnt Alalia op Korsika ; weidere klengen Etablissement zu Agde.
- 561 : Éischte Staatstreech vum Peisistratos zu Athen.
- 560 : Tyrannis vun de Peisistratiden zu Athen. A Lydien kënnt de Krösus op den Troun.
- 559 : De Kyros aus der persescher Kinneksfamill vun den Achämeniden kënnt op den Troun.
- 556 : Éischt Verdreiwung vum Peisistratos vun Athen.
- Ëm 550 : D'Peloponnesesch Liga gëtt gegrënnt. Enn vun der Exportatioun vun der ostgriichescher Keramik.
- 550 : Unioun vun de Perser an de Meder. Ufank vun der persescher Expansioun.
- 550 - 525 : Sëlwermënzen.
- 549 (oder 544) : Zweete Staatsstreech vum Peisistrates zu Athen, dee vun den Alkmaioniden ënnerstëtzt gëtt.
- 548 : Den Tempel zu Delphi geet a Flamen op, gëtt awer nees opgebaut.
- 546 - 540 : D'Perser eruewere Klengasien an d'Poleis vun Ionien.
- 546 (oder 541) : De Peisistrates gëtt eng zweete Kéier aus Athen erausgehäit, an zitt sech an Thrakien zeréck.
- 546 : D'Perser erueweren d'Kinnekräich vun de Lydier. Smyrna, Xanthos a Kaunos ginn zerstéiert. D'Phokäer emigréieren.
- 545 - 543 : Zerstéierung vu Phokaia (Klengasien) duerch d'Perser, d'Phokäer zéien sech op Alalia op Korsika zeréck.
- Ëm 540 - 535 : Schluecht vun Alalia tëscht Griichen a Karthago an Etrusker. Néierlag fir Phokaia. D'Stad bleiwt bestoen, mee ët ass net gewosst ween d'Kontroll hat.
- Ëm 537 - 522 : Tyrannis vum Polykrates zu Samos. Éischt Trieren.
- Ëm 535 - 530 : Grënnung vun Elea a Kampanien duerch d'Phokäer.
- 534 : Drëtte Staatsstreech vum Peisistrates, dee vun Theben an dem Lygdamis vun Naxos ënnerstëtzt gëtt. De Miltiades gëtt aus Athen an Tauris verbannt.
De Pythagoras.
- Ëm 530 : Pythagoras a Süditalien. Sparta mécht seng Diren zou.
- Ëm 530 - 525 : Mënzen zu Athen mat enger Eil drop.
- 529 : † Kyros. De Kambyses II. kënnt op de perseschen Troun.
- 528 : † Peisistrates. Tyrannis vum Hippias zu Athen.
- 525 : Archontat vum Kleisthenes zu Athen.
- 522 : Den Dareios I. kënnt op de perseschen Troun.
- 522 - 521 : Revolten am Perserräich. Sezessioun vum Satrap vu Lydien. Hirichtung vum Polykrates.
- 520 : De Kleomenes I. kënnt zu Sparta op den Troun. Ufank vum spartaneschen Expansionismus.
- 519 : Den Dareios I. iwwerhëllt op en Neits d'Kontroll iwwer Lydien an Ionien.
- 517 : Samos, Chios a Lesbos falen ënner persesch Dominatioun.
- 516 : Den Athener Miltiades léisst sech an Thrakien nidder.
- Ëm 515 : Sparta refuséiert zu Samos a bei de Skythen géint d'Perser anzegräifen.
- 514 : Tyrannizid zu Athen : Ermuerdung vum Hipparchos, Brudder vum Hippias, vun den Tyrannemärder.
- 513 : Expeditioun vum Dareios I. an Europa géint d'Skythen.
- 512 : D'Perser ënner dem Megabyzus erueweren Thrakien.
[Änneren] Klassescht Zäitalter
[Änneren] Enn vum 6. Joerhonnert v. Chr.
- 510 : Sparta gräift zu Athen géint d'Tyrannis an. Exil vum Hippias bei d'Perser. Stasis tëscht dem Kleisthenes an dem Isagoras. De Kleomenes gräift zu Gonschte vun Isagoras an.
- 508 : Éischten Traité tëscht Roum a Karthago déi sech d'westlecht Mëttelmier ënnerdeneen opdeelen. Reforme vum Kleisthenes zu Athen. Kadere vun der Demokratie ginn an d'Liewe geruff.
- Ëm 506 : Nei Expeditioun vu Sparta géint Athen. Konflikt tëscht Sparta an dem Kinnek Demaratos.
- 505 : Ufank vun der Tyrannis vum Kleandros zu Gela.
[Änneren] 5. Joerhonnert v. Chr.
- 500 : Persesch Expeditioun géint Naxos. Missioun vum Aristagoras vu Milet zu Sparta an zu Athen.
- 499 - 494 : Revolt vun den ionesche Poleis géint d'Perser.
- 498 : Sparta refuséiert an Ionien anzegräifen. D'Ionier, déi eng Allianz mat Athen an Eretria hunn, plëmme Sardes. Karien, Lykien an Zypern schléisse sech der Revolt un. Enn vun der Tyrannis vum Kleandros an Ufank vun der Tyrannis vum Hippokrates zu Gela.
- 497 : Kämpf op Zypern.
- 497 - 496 : Persesch Offensiv a Klengasien. Belagerung vu Milet.
- 496 - 495 : Ionesche Versuch, eng Front an Thrakien opzebauen. Campagne vum Hippokrates op Sizilien.
- 494 : Sparta klappt Argos zu Sepeia. Zypern gëtt zerstéiert an d'persesch Flott kënnt an d'Ägäis. Pazifikatioun an Anatolien. Néierlag vun den Ionier zu Lade. Stuerz vu Milet. Missioun vum Datis vu Sardes zu Persrpolis fir eng Géigenoffensiv an der Ägäis virzebereeden. Ufank vun der Tyrannis vum Anaxylas zu Rhegion. Den Hippokrates gräift Syrakus un.
- 493 : Lescht ionesch Offensif a Klengasien. D'Opstänneg gi festgeholl an higeriicht, an d'persesch Dominatioun gëtt nees hirgestallt.
- 492 : Reorganisatioun vun de Poleis an Ionien. D'Perser setzen "Demokratien" an. Expeditioun vum Mardonios an Thrakien. De Miltiades kënnt zeréck op Athen.
- 491 : Sparta gräift op Aigina an. Emissaire vum Dareios I. an de griichesche Poleis, fir hir Ënnerwerfung ze fuerderen. Ufank vun de Streidereien tëscht Athen an Aigina. † Hippokrates. De Gelon gëtt Tyrann vu Gela. D'Aristokrate gi vu Syrakus verdriwwen.
- 490 : Expeditioun vum Datis an Artaphernes op d'griichesch Inselen a géint Athen : Éischte Perserkrich.
- Fréijoer 489 : Expeditioun vum Miltiates op Paros an de Kykladen.
- 489 : Den Anaxylas iwwerhëllt d'Kontroll iwwer Messina.
- 488 - 472 : Tyrannis vum Theron zu Akragas.
- 486 : † Dareios. De Xerxes kënnt op den Troun.
- 485 - 478 : Tyrannis vum Gelon zu Syrakus. Säi Brudder Hieron gëtt Gouverneur vu Gela.
- 483 : Athen: Flottegesetz vum Themistokles an Ostrakismos vum Aristeides. Annexiounen an Expulsiounen zu Gela, Kamarina a Megara Hyblaea. De Rerillos, Tyrann vun Himera, freet Karthago ëm Hëllef.
- 481 : Krichspreparatiounen zu Karthago an op Sizilien. D'Verhandlungen tëscht dem Gelon an der panhellenescher Liga vu Korinth féieren zu näischt.
- 481 : Persesch Mobilisatioun zu Sardes.
- Wanter 481 - 480 : Griichesch Ambassade beim Gelon zu Syrakus, ouni datt eng Allianz méiglech ass. Drëssegjärege Fridden tëscht Sparta an Argos.
- 480 - 479 : Zweete Perserkrich.
- 480 : D'Perser komme bis an Zentralgriicheland. Schluecht vun den Thermopylen. Athen gëtt geplëmmt. Schluecht vu Salamis. Karthago méscht sech a Sizilien an. Griichesch Victoire bei Himera.
- 479 : Griichesch Victoire bei Plataiai. Schluecht vu Mykale. Befreiung vun Ionien.
- 478 : Attesche Séibond. † Gelon, den Hieron gëtt säin Nofolger. De Polyzelos gëtt Gouverneur vu Gela.
- 476 : D'Perser ginn aus Thrakien an aus Europa verdriwwen. Enn vun der Tyrannis vum Anaxilas zu Rhegion.
- 474 : Victoire vum Hieron iwwer d'Etrusker bei Cumae.
- 472 : Aischylos, D'Perser.
- 471 : Revolt vun Naxos. Ostrakismos vum Themistokles (?). † Pausanias.
- 469 : Zerstéierung vun der persescher Flott.
- 466 : † Hieron. Den Thrasybulos gëtt Tyrann vu Syrakus.
- 465 : Den Thrasybulos gëtt gestierzt. Enn vun der Tyrannis op Sizilien. Ufank vun der Revolt vun Thasos. Äerdbiewen zu Sparta an Ufank vun der Revolt vun den Heloten.
- 463 : Enn vun der Revolt vun Thasos.
De Perikles, athenesche Staatsmann a Generol.
- 461 : Ostrakismos vum Kimon a Reforme vum Ephialtes zu Athen.
- 461 - 446 : Éischte Peloponnesesche Krich tëscht Sparta an Athen.
- 460 - 454 : Athenesch Expeditioun op Zypern an an Egypten.
- 456 : Enn vun der Revolt vun den Heloten.
- 454 : De Schaz vum Attesche Séibond gëtt op Athen transferéiert.
- 453 - 440 : Liberatiounsmouvementer vun Douketios op Sizilien.
- 451 : Éischt Gesetz vum Perikles.
- 450 : Ufank vum Schantje vun der Akropolis zu Athen.
- 450 - 449 : Athenesch Campagne op Zypern.
- 448 : Kalliasfridden. Zweeten hellege Krich.
- 447 : Éischt Böotesch Konfederatioun.
- 446 : Drëssegjärege Fridden tëscht Sparta an Athen.
- 444 : Grënnung vun Thourioi.
- 441 - 431 : Gouvernement vum Perikles.
- 441 - 439 : Revolt vu Samos.
- 438 : De Parthenon gëtt fäerdeggestallt.
- 437 : D'Athener grënne Kolonien am Norde vun der Ägäis.
- 435 : Konflikt tëscht Korkyra a Korinth.
- 435 - 432 : Politesch Prozesser géint d'Ëmfeld vum Perikles.
- 433 : Allianz tëscht Athen a Korkyra.
- 432 : Revolt vu Potidaia, d'Athener gräifen an. Dekret géint Megara (?). Konferenz vu Sparta.
- 431 - 421 : Krich vum Archidamos.
- Fréijoer 432 : Thebanesch Expeditioun op Plataiai.
- Mee - Juni 431 : D'spartanesch Arméi fällt an Attika an. Installatioun vun enger Klerouchia op Aigina. Allianz tëscht Athen an Thrakien.
- 430 : Peschtepidemie zu Athen. Nei Invasioun vun Attika.
- Wanter 430 - 429 : Kapitulatioun vu Potidaia.
- 429 : † Perikles. Belagerung vu Plataiai.
- 428 : Drëtt Invasioun vun Attika. Revolt vu Lesbos.
- Fréijoer 427 : Kapitulatioun vu Lesbos. Installatioun vun enger Klerouchia.
- Summer 427 : Kapitulatioun vu Plataiai.
- 427 : Ufank vum Biergerkrich zu Korkyra.
- 426 : Athenesch Expeditioun a Sizilien.
- 425 : Enn vum Biergerkrich zu Korkyra.
- 424 : De Fridden tëscht Athen an de Perser gëtt op en Neits konfirméiert. Athen besetzt Kythira. Spartanesch Expeditioun op Chalkidiki : Eruewerung vun Amphipolis duerch de Brasidas. Athenesch Néierlag an der Schluecht vun Delion.
- 423 : Den Dareios II. kënnt a Persien op den Troun.
- 422 : Schluecht vun Amphipolis. † Brasidas a Kleon.
- 421 : Fridden tëscht Sparta an Athen, Nikiasfridden.
- 420 : Den Alkibiades gëtt zu Athen zum Strategos gewielt.
- 417 : Ostrakismos vum Hyperbolos zu Athen.
- 416 : Den Tissaphernes, Satrap vu Lydien, kann d'Revolt vum Pissouthnes néierschloen.
- 416 - 415 : Expeditioun géint Melos.
- 415 - 413 : Sizilienexpeditioun vun Athen.
- 413 : 10 Probouloi ginn an d'Liewe geruff, fir d'athenesch Konstitutioun z'iwwerschaffen.
- Fréijoer 413 : Sparta besetzt Dekeleia.
- Wanter 413 - 412 : Emissaire vum Tissaphernes zu Sparta. Athen ënnerstëtzt de Jong vum Pissouthnes.
- 412 : Revolt vun den Alliéierte vun Athen. Traité tëscht Sparta an de Perser.
- Wanter 412 - 411 : Zweeten Traité tëscht Sparta an de Perser. Schluecht vu Milet.
- 411 : Reaktionäre Staatsstreech zu Athen (Hoi tetrakosioi). Intrige vum Alkibiades.
- Wanter 411 - 410 : Missioun vum Alkibiades beim Tissaphernes fir Subsiden ze kréien; hie gëtt zu Sardes agespaart.
- Fréijoer 410 : D'Demokratie gëtt zu Athen nees agefouert. Victoire vun der Flott vum Alkibiades zu Kyzikos.
- 409 : Zerstéierung vu Selinunt a vun Himera op Sizilien duerch Karthago.
- Wanter 408 - 407 : Den Dareios II. ënnerstëtzt d'Peloponnesier. De Kyros gëtt un d'Spëtzt vu Lydien a Phrygien beruff, an ass fir d'militäresch Operatioune responsabel. Frëndschaft tëscht dem Kyros an dem spartaneschen Nauarchos Lysandros.
- 407 : De Lysandros huet d'Soen iwwer d'spartanesch Flott. Den Alkibiades kënnt zeréck op Athen. Schluecht vun Notion.
- 406 : Karthago eruewert Akragas. Den Dionysos kënnt zu Syrakus un d'Muecht. Prozess vun den athenesche Strategen.
- 405 : Athenesch Néierlag beim Aigos-Potamos. Karthago eruewert Gela a Kamarina.
- 404 : Belagerung a Kapitulatioun vun Athen. Enn vum Peloponnesesche Krich. † Dareios II., Nofolger ass den Artaxerxes II.
- 404 - 403 : Operatioune vum Lysandros an der Ägäis an an Ionien.
- 403 : Restauratioun vun der Demokratie zu Athen.
- 403 - 399 : Revisioun vun de Gesetzer zu Athen.
- 401 - 400 : Revolt vum Kyros géint säi Brudder, den Artaxerxes II.. Expeditioun a Mesopotamien. Schluecht vu Kounaxa. † Kyros.
[Änneren] 4. Joerhonnert v. Chr.
- 400 - 399 : Campagne vu Sparta géint Elis.
- 400 - 394 : Campagne vu Sparta a Klengasien géint d'Perser.
- 399 : Prozess an Doud vum Sokrates zu Athen; Verschwörung vum Kinadon zu Sparta.
- 397 : Den Dionysios eruewert Motye.
- 397 - 395 : De Konon setzt sech un der Spëtzt vun der persescher Flott duerch.
- 396 : Landung vum Himilkon zu Palermo. Belagerung vu Syrakus.
- 395 - 390 : Krich vu Korinth.
- 394 - 393 : Campagne vum Konon an de Perser um Hellespont.
- 393 : De Konon kënnt zeréck op Athen : Rekonstruktioun vun de Laange Maueren an enger Flott.
- 392 : Zweete Friddenstraité tëscht dem Dionysios a Karthago.
- Ëm 389 : Éischt Rees vum Platon an Italien an op Sizilien.
- 389 - 388 : Operatiounen am Saronesche Golf a ronderëm Aigina. Athen kontrolléiert Byzanz a Mytilene.
- 388 : Expeditioun vum Antalkidas an Ionien an um Hellespont. Navigatiounsfräiheet fir d'Athener.
- 387 - 386 : D'spartanesch Flott kontrolléiert d'Kärestrooss vun Thrakien, Athen kritt Versuergungsproblemer.
Niketerion mam Philippe II. vu Makedonien (2. Joerhonnert n. Chr., wuel ënner der Herrschaft vum Keeser Severus Alexander).
- 386 : Kinneksfridden (och Fridde vum Antalkidas). Belagerung a Kapitulatioun vu Rhegion.
- 385 : Zerstéierung vu Mantineia. Reorganisatioun vun der peloponnesescher Liga. Kolonisatioun an der Adria : Grënnung vun Issa.
- 384 : D'Hellegtum vu Pyrgi gëtt geplëmmt.
- 382 : Okkupatioun vun Theben duerch d'Spartaner; Athen hëllt d'exiléiert Thebaner bei sech op. De Philippe II. vu Makedonien, leschte Jong vum Amyntas III., kënnt op d'Welt.
- 379 : Liberatioun vun Theben.
- 378 : Zweet athenesch maritim Liga.
- 378 - 376 : Campagne vu Sparta a Böotien.
- 372 : Schluecht vu Leuktra. Retablissmenet vun der Konfederatioun vu Böotien.
- 371 - 361 : Campagne vum Epaminondas am Peloponnes.
- 371 - 369 : Wiessel vun den Allianzen : Allianz tëscht Athen a Sparta. Triumph vun der Friddenspartei zu Athen (Kallistratos). Rekonstruktioun vun engem messenesche Staat.
- 368 - -365 : De Philippe II. vu Makedonien gëtt zu Theben als Geisel gehalen
- 367 : Neie Kinneksfridden.
- Wanter 367 - 366 : † Dionysios
- 366 : Tyrannis vum Dion an zweet Rees vum Platon op Sizilien. Gouvernement vum Dionysios II.
- 365 - 364 : Athenesch Expeditioun op Samos a Chalkidiki.
- 361 : † Epaminondas zu Mantineia. De Kallistratos gëtt zu Athen erausgehäit. Drëtt Rees vum Platon op Sizilien.
- Ëm 360 : Fondatioun vun den athenesche Kleruchien.
- 359 : † Perdikkas III., Régence vum Philippe II. vu Makedonien.
- 358 - 356 : Campagne vu Makedonien géint d'Illyrer ënner dem Kinnek Bardyllis.
- 357 : Stuerz an Exil vum Dionysios II. Makedonien eruewert Amphipolis an Thrakien.
- 357 - 356 : Makedonesch Campagne op Chalkidiki.
- 357 - 355 : Krich vun den Alliéierte géint Athen.
- 356 : De Philippe II. vu Makedonien gëtt Kinnek vu Makedonien. Eruewerunge vu Potidaia a Pydna.
- 356 - 346 : Drëtten hellege Krich.
- 356 - 355 : Triumph vun der Friddenspartei zu Athen (Euboulos). Isokrates, Iwwer de Fridden. Xenophon, Poroi.
- 354 : Makedonesch Interventioun an Thessalien.
- 354 - 352 : Schluecht um Krokusfeld. De Philippe II. gëtt Archon an Thessalien.
- 351 : Campagne vun Thrakien. Demosthenes, Philippiken.
- 349 - 348 : Krich vun Olynth. Annexioun vu Chalkidiki. Prozess vum Midias zu Athen.
- 347 - 346 : Den Dionysios II. kënnt zeréck op Syrakus.
- 346 : Panhellenesche Kongress zu Pella a Fridde vum Philokrates tëscht dem Philippe II. an de Griichen. Isokrates, Philippe. Enn vum drëtten hellege Krich. De Philippe II. kontrolléiert d'Thermopylen an Delphi. Reorganisa