Chronologie vun der Astronomie
D'Astronomie ass Kinnigin vun de Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt de Versuch gemaach, fir d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Beiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Thesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.
Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.