Chrysaor

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Chrysaor (gr. Χρυσάωρ, "Goldschwert") war an der griichescher Mythologie de Jong vum Poseidon an de Medusa, deen zesumme mam Pegasos, engem Päerd mat Flilleken, aus dem Medusa sengem Schouss ervirkomm ass wéi de Perseus se ëmbruecht huet. En huet d'Okeanid Kallirhoë bestuet, déi em de Geryoneus, en Ongeheier mat dräi Käpp (enger anerer Versioun no mat dräi Kierper) gebuer huet. De Geryneus sollt spéider an den Aventure vum Herakles eng Roll spillen. Och d'Echidna soll eng Duechter vum Chrysaor gewiescht sinn.

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.