Chrysomeles

Vu Wikipedia

De Chrysomeles (gr. Χρυσομαλλος gëllene Pelz, och: Chrysomallos) war an der griichescher Mythologie e Widder mat gëllenem Pelz. E war de Jong vum Miergott Poseidon.

De Chrysomeles war e besonnesche Widder, dee fléien a schwätze konnt. Well de Phrixos an d'Helle an Nout waren, huet den Hermes hinnen de Chrysomeles geschéckt fir s'op Kolchis ze bréngen, mä d'Helle ass ënnerwee an d'Mier gefall, wat dunn no hir Hellespont genannt gouf ass.

Nodeem en zu Kolchis ukomm war huet de Phrixos de Widder am Zeustempel geaffert, als Merci datt d'Gëtter him gehollef haten, an huet säi Pelz um Ufer vum Phasis an eng Eech gehaangen. Dat war d'Gëllent Vlis, wat vun engem Draach bewaacht ginn ass, dee sech ëm d'Eech geréngelt huet.

Spéider huet de Iason, deen d'Argonauten ugeféiert huet, den Draach ëmbruecht an d'Vlis u sech geholl.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.