Chuck Yeager

Vu Wikipedia
Chuck Yeager
Gebuertsnumm Charles Elwood Yeager
Gebuer 13. Februar 1923
Gestuerwen 7. Dezember 2020
Los Angeles
Nationalitéit USA
Aktivitéit Militär, Pilot, Testpilot, Aviateur, Juegdpilot, Offizéier
Partei Republikanesch Partei
Den Chuck Yeager viru senger Bell X-1

Den Charles Elwood "Chuck" Yeager, gebuer den 13. Februar 1923 zu Myra, a West Virginia, a gestuerwen de 7. Dezember 2020 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Veteran vun den US Army Air Forces am Zweete Weltkrich, fréieren Testpilot a Generol.

Hie war den éischte Mënsch, dee mat senger Bell X-1, d'Schallmauer duerchbrach huet. Dat war de 14. Oktober 1947 an enger Héicht vun 13.700 m (45.000 ft) an enger Vitess vun 1080 km/h respektiv Mach 1,06. Duerno huet de Yeager nach weider Vitess- an Héichterekorder opgestallt.

1985 krut e vum US-President Ronald Reagan d'Presidential Medal of Freedom, den héchsten ziville Gielchen an den USA.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Chuck Yeager, Charles Leerhsen: Press on! Further adventures in the good life. Bantam Books, Toronto u. a. 1988, ISBN 0-553-05333-7.
  • Chuck Yeager, Leo Janos: Yeager. An autobiography. Bantam Books, Toronto u. a. 1986, ISBN 0-553-25674-2.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Martin: Chuck Yeager. Lucent Books, San Diego CA 2003, ISBN 1-59018-284-7.
  • Colleen Madonna Flood Williams: Chuck Yeager. Chelsea House Publishers, Philadelphia PA 2003, ISBN 0-7910-7216-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chuck Yeager – Biller, Videoen oder Audiodateien