Church of the Good Shepherd (Neiséiland)

Vu Wikipedia
Church of the Good Shepherd um Lake Tekapo

D'Church of the Good Shepherd ass eng anglikanesch Kierch an Neiséiland. Si gouf 1935 vum Architekt Harman Richard Strachan De Renzy (1896-1953), vu Christchurch gebaut.

Hanner dem Altor huet d'Kierch eng grouss Fënster, duerch déi en op de Lake Tekapo an d'Biergkette Southern Alps mat der héchster Plaz dem Mount Cook ka kucken.

D'Kierch steet op enger Spëtz do wou den Tekapo River an de Séi leeft an ass iwwer d'Strooss Pioneer Drive z'erreechen. De 5. September 1985 gouf se zur historescher Plaz (Category I) an der Regioun Canterbury erkläert.

Am Ufank war d'Kierch mat original australeschen Eecheschingele gedeckt, déi hunn awer net duergehalen, soudatt se 1957 mat Leeë gedeckt gouf.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]